Sebastien Thill an Hansa Rostock feiere Klassenerhalt

© AFP (Archiv)
Den Anthony Moris huet weiderhi gutt Chancen op e weideren Titel am belsche Championnat. An der Bundesliga verléiert de Leandro Barreiro mat Mainz.
Um Sonndeg verléiert de Leandro Barreiro mat Mainz 1:4 géint Stuttgart. Déi Néierlag huet fir Mainz awer keng weider Auswierkungen, well si sech net méi fir dat internationaalt Geschäft qualifizéiere kënnen an och no ënnen ofgeséchert sinn. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung iwwer 90 Minutten um Terrain.
Eng Divisioun méi wäit ënnen huet sech Hansa Rostock beim 1. FC Nürnberg ee Punkt erkämpft an domat de Klassenerhalt definitiv kloergemaach. De "Club" muss virum leschte Match nach ëm de Verbleif an der zweeter däitscher Liga zidderen. De Sebastien Thill stoung bei dësem Match net am Kader.
An Holland konnt Sparta Rotterdam um zweetleschte Spilldag géint den Tabelleleschten Cambuur-Leeuwarden eng 4:1-Victoire feieren an huet domat déi sechst Plaz sécher. D'Gäscht waren zwar a Féierung gaangen, mee de Veräin vum Mica Pinto huet de Match duerno gedréint. De Lëtzebuerger huet och selwer ee Gol bäigesteiert a gouf an der 64. Minutt, nodeems hie Giel gesinn hat, ausgewiesselt.
An der zweeter éisträichescher Liga verléiert St. Pölten 1:2 bei Kapfenberg a béisst domat weider wichteg Punkten am Kampf ëm den Opstig an. Fir Kapfenberg war déi Victoire wichteg am Kampf géint den Ofstig. Den Dirk Carlson koum iwwer 90 Minutten zum Asaz, konnt d'Néierlag awer net verhënneren.
Eng Divisioun méi wäit uewen huet de Marvin Martins mat Austria Wien 1:1 mat Klagenfurt gedeelt. D'Ekipp vum Lëtzebuerger spillt nach ëm d'Qualifikatioun fir d'Europa Conference League an der nächster Saison.
Eyüpspor, de Veräin vum Olivier Thill, huet senge Supporteren um leschte Spilldag eng 2:1-Victoire géint Keciorengücü geschenkt an d'Saison domat op der sechster Plaz ofgeschloss. D'Saison ass awer nach net eriwwer, well d'Ekipp vum Lëtzebuerger huet nach d'Méiglechkeet, an enger Qualifikatiounsronn ëm den Opstig an d'Süper Lig ze spillen.
An Norwegen huet Kongsvinger, mam Lars Gerson an der Startformatioun, um néngte Spilldag mat 2:1 bei Raufoss gewonnen a steet elo mat 15 Punkten op der fënnefter Tabelleplaz, zwee Punkten hannert dem Éischten.
Den Tim Hall stoung bei der 3:0-Victoire vu Ujpest géint Kecskeméti an der ungarescher Liga net am Kader.
Am Spëtzematch vum belschen Titelgrupp tëscht dem KRC Genk an Union St. Gilloise gouf et en 1:1. Den Anthony Moris huet schonn no 13 Minutten de Ball aus sengem Filet musse fëschen, mee de Boniface konnt fir de Klub aus dem Bréisseler Quartier nach virun der Paus ausgläichen. Zwee Spilldeeg viru Schluss hunn Union St. Gilloise a Royal Antwerpen 45 Punkten um Kont a stinn un der Tabellespëtzt.

© AFP
Samschdeg
Um Samschdeg huet Degerfors mam Seid Korac 2:1 géint AIK Stockholm mam Vincent Thill gewonnen. De Korac stoung de ganze Match um Terrain. Den Thill gouf an der 62. Minutt ausgewiesselt. No 9 Matcher steet Degerfors op der 12. Plaz an der Tabell. Zwou Plazen hannendrun op enger Relegatiounsplaz ass den Ament Stockholm klasséiert.
An der Bundesliga souz de Mathias Olesen beim 1:1-Remis vu Köln zu Bremen de ganze Match op der Bänk.
Bastia huet sech an der franséischer Ligue 2 mat 6:2 zu Pau duerchgesat. De Florian Bohnert war dobäi awer net am Kader.
A Bulgarien bleift ZSKA Sofia nom 2:2-Gläichspill géint Rasgrad an der Tabell ee Punkt hannert dem Géigner vun haut. Sofia war 2:1 vir, huet an der 2. Hallschent awer nach den Ausgläich kasséiert. Den Enes Mahmutovic war awer net am Kader.
Freideg
An der 3. däitscher Liga huet Waldhof Mannheim e Freideg den Owend mat 1:3 bei 1860 München verluer. De Laurent Jans stoung de komplette Match um Terrain.