Dortmund ass neien Tabelleleader

© AFP
De BVB kann d'Virlag vu Bayern München notzen a gewënnt 3:0 zu Augsburg. Stuttgart sammelt wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig.
Borussia Dortmund gewënnt verdéngt 3:0 zu Augsburg, konnt awer eréischt an der zweeter Hallschent déi decisiv Goler schéissen. De BVB hat an den éischte 45 Minutte wuel Golchancen, déi waren awer net zwéngend genuch oder goufe vum Augsburger Golkipp paréiert. Ab der 39. Minutt war Augsburg just nach zu Zéngt, well den Uduokhai no enger Noutbrems mat Rout vum Terrain gesat gouf.
Nom Säitewiessel huet Dortmund den Drock nach eng Kéier erhéicht a gouf an der 59. Minutt fir säin Asaz belount, wéi den Haller zum 1:0 eragesat huet. Bis déi lescht zéng Minutte war de Match méi roueg ginn, mee dunn huet den Haller säin zweete Gol vum Owend markéiert an de Brandt huet an der Nospillzäit fir den Endstand gesuergt. De BVB ass mat dësem Resultat neien Tabelleleader viru Bayern München, déi e Samschdeg 1:3 géint Leipzig verluer haten. Augsburg ass virum leschte Spilldag nach net definitiv gerett an huet just zwee Punkte Virsprong op de 16.-placéierte Bochum.
De VfB Stuttgart huet dräi wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig gesammelt. Mat der 4:1-Victoire zu Mainz sprangen d'Schwaben op eng Net-Ofstigsplaz. Mainz war no engem Corner a Féierung gaangen, mee Stuttgart konnt nach virun der Paus duerch e Konter no engem Mainzer Corner ausgläichen. Mainz hat an der zweeter Hallschent déi éischt gutt Chance no engem Fräistouss, et war awer de Guirassy, dee fir Stuttgart den 2:1 geschoss huet. Mainz huet sech an der leschter Véierelstonn vill Golchancen erspillt, ass awer ëmmer nees vum géigneresche Golkipp hänke bliwwen. De VfB huet par conter nach zweemol agenetzt a sech virum leschte Spilldag eng gutt Ausgangspositioun verschaf.
Am drëtte Sonndesmatch hu sech Leverkusen a Gladbach 2:2 getrennt. D'Werkself huet dobäi en 2:0-Avantage aus der Hand ginn, dee si sech an der éischter Hallschent erspillt hat. Mat den éischte Golchancë louch Leverkusen no 20 Minutte schonn zwee Goler vir an hätt bis zur Paus nach kënnen erhéijen. Gladbach war am éischten Duerchgang net present genuch, wat sech nom Säitewiessel awer ännere sollt. Den Hofmann konnt an der 58. Minutt fir d'Gäscht verkierzen. Duerno kruten d'Zuschauer bis an d'Schlussphas era wéineg Golchancen ze gesinn an eréischt an der 90. Minutt huet de Stindl den Ausgläich fir Gladbach markéiert. An der Nospillzäit huet de Leverkusener Hincapie nach d'Rout Kaart gesinn.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.