Fir déi Mierscher ass et eng Première an der Finall ze stoen, Déifferdeng huet d'Coupe scho 4 Mol gewonnen.

E Freideg gëtt um 20 Auer am Stade de Luxembourg d'Finall vun der Coupe am Futtball gespillt. Géintiwwer sti sech den FC Déifferdeng 03 aus der BGL Ligue an den FC Marisca Miersch aus der Éierepromotioun. Scho 6.500 Tickete si verkaaft ginn, sou dass ee sech op ee flotte Futtballowend astelle kann.

Et ass déi éischte Kéier zanter 2005, datt d'Finall net tëscht 2 Vertrieder aus der Nationaldivisoun gespillt gëtt. Miersch spillt dëst Joer eng eemoleg Saison a senger Geschicht. No senge Victoirë géint Wolz a Munneref konnt sech de Veräi fir eng éischt Coupe-Finall qualifizéieren. De groussen Architekt vun dëser erfollegräicher Saison ass den Trainer Mikhail Zaritski, fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller.

Viru bal 30 Joer hat de Mikhail Zaritski mam FC Avenir Beggen d'Coupe du Luxembourg an der Saison 93-94 gewonnen.

Mat engem onerwaarten an an der Veräinsgeschicht éischten Opstig an d'Nationaldivisioun ass d'Saison fir Miersch schonn e grousse Succès. Ob d'Ekipp vum fréiere Coupe-Gewënner dat selwecht fäerdeg bréngt wéi hiren Trainer viru bal 30 Joer, dat gi mir e Freideg vun 20 Auer un am Stade du Luxembourg gewuer.