Stade de Luxembourg
Scho 6.500 Tickete fir d'Coupe-Finall verkaaft

E Freideg den Owend um 20 Auer gëtt d'Finall vun der Coupe am nationale Futtball gespillt.
D'Futtballfederatioun huet matgedeelt, datt schonns 6.500 Billjeeë fir d'Finall vun der Coupe tëscht Miersch an Déifferdeng verkaaft goufen.
Wann den Dag selwer nach Ticketen do wieren, da géif eng Kees am Stadion opgemaach ginn, heescht et vun der FLF.
D'Stad Lëtzebuerg huet e Mëttwoch matgedeelt, datt fir de Match verstäerkt Navette bei de Stadion fueren. Den Detail fannt Dir hei am Communiqué.
Dir kënnt de Match och am Livestream op RTL suivéieren.
Am meeschte gelies