PSG ass franséische Champion

© AFP
De Starensembel vu Paräis mécht déi 11. Meeschterschaft um virleschte Spilldag kloer. A Spuenien ass Real Madrid definitiv Zweeten.
An der portugisescher Liga huet Benfica Lissabon um leschte Spilldag déi 38. Meeschterschaft kloer gemaach. Dat gouf och zu Lëtzebuerg vu ville Supportere gefeiert.
Bundesliga
De Resumé vum leschte Spilldag an der Bundesliga fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Serie A
Florenz - AS Roum 2:1
0:1 El Shaarawy (11'), 1:1 Jovic (85'), 2:1 Ikoné (88')
No der verluerener Finall an der Coupe ënnert der Woch géint Inter Mailand huet Florenz eng spéit Victoire géint d'AS Roum gefeiert an der Roma domat méiglecherweis d'Deelhuelen un der Europa League streideg gemaach. Roum war fréi duerch den El Schaarawy a Féierung gaangen, obwuel d'Fiorentina méi Ballbesëtz hat. No der Féierung huet d'Ekipp vum José Mourinho sech op d'Verteidege konzentréiert an huet Florenz de Match iwwerlooss. D'Zuschauer hu vu béiden Ekippen net vill Strofraumzeene gesinn, mee der Fiorentina sollt et geléngen, zwee spéit Goler ze schéissen an de Match domat ze dréinen.
Inter Mailand - Bergamo 3:2
1:0 Lukaku (1'), 2:0 Barella (3'), 2:1 Pasalic (36'), 3:1 Martinez (77'), 3:2 Onana (90'+1, Eegegol)
Nom Gewënn vun der italieenescher Coupe an der Woch huet Inter Mailand de Schwong aus deem Match matgeholl a louch schonn no dräi gespillte Minutten 2:0 vir. Duerno goung et viru béide Goler zur Saach, mee just Bergamo konnt virun der Paus eng vun de Chancen notzen. Nom Säitewiessel war Inter méi dominant a konnt duerch de Lautaro Martinez säin drëtte Gol vum Owend markéieren. An der Nospillzäit huet de Golkipp vun Inter et duerch en Eegegol nach eng Kéier spannend gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Marseille - Brest 1:2
0:1 Magnetti (57'), 1:1 Mbemba (75'), 1:2 Camara (81')
Marseille verléiert den zweete Match hannerteneen, ass awer net méi vu Plaz 3 ze verdrängen. Fir Brest war et den definitive Klassenerhalt.
Stroossbuerg - PSG 1:1
0:1 Messi (59'), 1:1 Gameiro (79')
Mat 0:0 goung et an d'Paus, woumat Paräis nach zefridde konnt sinn, well Stroossbuerg déi besser Chancen hat an dem PSG d'Liewe schwéier gemaach huet. De Messi huet de Starensembel awer mat sengem Gol erléisst, woumat d'Meeschterschaft schonn esou gutt wéi sécher war, vu dass e Gläichspill dofir duer goung. Stroossbuerg huet awer net opginn an nach den Ausgläich geschoss, soudass et bei der Punktdeelung blouf, déi fir de PSG d'Meeschterschaft bedeit.
Lens - Ajaccio 3:0
1:0 Machado (16'), 2:0 Thomasson (22'), 3:0 Openda (35', Eelefmeter)
Den RC Lens ass d'Iwwerraschungsekipp vun der Saison, mee kann dem PSG d'Meeschterschaft net méi streideg maachen. Trotz enger Victoire géint den Ofsteiger Ajaccio kann d'Ekipp aus dem Norde vu Frankräich net méi Champion ginn, wäert awer d'nächst Saison an der Kinneksklass vum Futtball spillen.
Rennes - Monaco 2:0
1:0 Majer (52'), 2:0 Gouiri (73')
Monaco verspillt op de leschte Meter warscheinlech nach d'Participatioun um internationale Geschäft. Duerch d'Néierlag bei Rennes, engem direkte Kontrahent, falen d'Monegassen op Plaz 6 zeréck, wat bedeite géif, dass si sech d'nächst Saison just op déi national Kompetitioune konzentréiere kéinten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
FC Sevilla - Real Madrid 1:2
1:0 Rafa Mir (3'), 1:1 Rodrygo (29'), 1:2 Rodrygo (69')
Real Madrid festegt mat dëser Victoire seng zweet Plaz am spuenesche Championnat. Sevilla hat déi Kinneklech fréi geschockt, mee de Rodrygo huet mat engem Fräistouss aus 25 Meter fir den Ausgläich gesuergt. No enger Konter an der zweeter Hallschent konnt de Rodrygo säin zweete Gol markéieren a fir d'Entscheedung vum Match suergen. Den FC Sevilla ka sech en Donneschdeg an der Europa League awer nach en Titel fir dës Saison sécheren.