Os Encarnados hu sech mat engem 3:0 géint Santa Clara de Championstitel geséchert. Do konnt och d'3:0-Victoire vum FC Porto näischt drun änneren.

Benfica Lissabon setzt sech kloer mat 3:0 géint den Tabellleschte Santa Clara duerch a kréint sech domat zum portugisesche Meeschter vun der Saison 2022/23. D'Ekipp vum Trainer Roger Schmidt, dee Benfica am Ufank vun der Saison iwwerholl hat, war fréi a Féierung gaangen a konnt nach virun der Paus op 2:0 erhéijen. Duerch en Eelefmeter an der 60. Minutt, deen de Grimaldo verwandelt hat, hunn déi rout Adleren den drëtte Gol vum Owend geschoss a konnten de Schampes kal stellen.

Den FC Porto, deen zwee Punkten hannert Benfica louch, huet säi Match géint de Fënneftplacéierte Guimaraes zwar och 3:0 gewonnen, et goung awer net duer, fir de Meeschtertitel aus der viregter Saison ze verdeedegen.

De Veräin vum President Rui Costa kann domat seng insgesamt 38. Meeschterschaft feieren; dee leschte gouf et an der Saison 2018/19.

Fir dëse leschten a spannende Match hate sech och vill portugisesch Matbierger an de Stroosse vun der Lëtzebuerger Haaptstad an am Rescht vum Land versammelt. Nom Schlusspaff hu si den Titel vun hirer Ekipp ausgibeg gefeiert.

De Championstitel vu Benfica gouf och zu Lëtzebuerg gefeiert
D'Stëmmung am Garer Quartier an der Stad war nawell gutt.

Hannert Benfica a Porto klasséiert sech Sporting Braga an der Schlusstabell als Drëtten, viru Sporting Lissabon. Benfica Lissabon an den FC Porto spillen domat déi nächst Saison an der Champions League, Braga trëtt an der Qualifikatioun fir d'Kinneksklass un, wärend Sporting Lissabon fir d'Europa League qualifizéiert ass. Den Tabellefënnefte Guimaraes an de Sechsten Arouca vertrieden de portugisesche Futtball déi nächst Saison an der Conference League.