Den FCB setzt sech 2:1 zu Köln duerch, wärend Dortmund géint Mainz 2:2 gläich spillt. Schalke a Berlin steigen direkt of. Stuttgart spillt d'Relegatioun.

Den FC Bayern München* feiert säin 33. Meeschtertitel an den eeleften Erfolleg hannerteneen. De Rekordmeeschter konnt sech 2:1 bei Köln duerchsetzen an huet vum gläichzäitege Gläichspill vum BVB géint Mainz profitéiert. Bayern war fréi a Féierung gaangen an et huet laang bis an d'zweet Hallschent wéi eng kloer Saach fir d'Münchener ausgesinn, bis Köln an der 81. en Handeelefmeter zougesprach krut. Duerno hunn d'Münchener sech nees Golchancen erausgespillt an de Musiala huet den FCB an der 89. Minutt an de siwenten Himmel geschoss.

Dortmund huet doheem 2:2 géint Mainz gespillt an domat den éischte Meeschtertitel zënter der Saison 2011/12 op de leschte Meter nach aus der Hand ginn. De BVB louch fréi 0:1 hannen a konnt och en Eelefmeter zum Ausgläich net notzen. Mainz huet virun der Paus nach op 0:2 erhéicht. Dortmund koum wuel nach eng Kéier erun, mee méi wéi den Ausgläich sollt de Schwaarz-Gielen net geléngen.

Hannert dem Féierungsduo huet sech Leipzig mat engem 4:2 géint Schalke Plaz 3 geséchert an de Géigner domat no engem Joer Bundesliga nees an déi zweet Liga geschéckt. Union Berlin séchert sech mat enger 1:0-Victoire géint Bremen Plaz 4 a spillt d'nächst Saison an der Champions League. Den SC Freiburg vertrëtt den däitsche Futtball sécher an der Europa League a Leverkusen spillt an der Conference League.

Augsburg ka sech trotz enger 0:2-Néierlag zu Gladbach retten a bleift der Bundesliga erhalen. Stuttgart ass um leschte Spilldag en 1:1 géint Hoffenheim net duergaang fir de Klassenerhalt, well Bochum am selwechte Moment 3:0 géint Leverkusen gewonnen huet.

Stuttgart spillt an der Relegatioun géint den Drëttplacéierten aus der zweeter Bundesliga, wat sech eréischt um Sonndeg tëscht Heidenheim an Hamburg decidéiert. Déi direkt Ofsteiger sinn domat Schalke an Hertha Berlin, dat schonn zënter dem leschte Spilldag als éischten Ofsteiger feststoung a sech mat engem 2:1 zu Wolfsburg verabschit.

*Nom Gewënn vun der Meeschterschaft war an däitsche Medien ze liesen, dass den Oliver Kahn an den Hasan Salihamidzic hir Poste musse raumen. Dat huet de Veräi kuerz drop och offiziell matgedeelt. Fir de CEO Kahn ass mam Jan-Christian Dreesen schonn en Nofollger fonnt. Wien Nofollger vum Salihamidzic als Sportdirekter gëtt, ass nach net gekläert.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell