No Spuenien huet sech elo och England no enger 3:1-Victoire géint Australien fir d'Finall vun der Futtball-WM qualifizéiert.

An der éischter Hallschent konnten d'Australierinnen de "Lionesses" net all ze vill entgéintsetzen. Ëmmer nees hunn d'Englännerinne mat laange Bäll probéiert, de Wee an de géigneresche Strofraum ze fannen, wat dann an der 36. Minutt mam Gol vum Ella Toone och gelongen ass. Déi 23 Joer al Spillerin vu Manchester United krut de Ball vum Alessia Russo zeréckgeluecht a konnt dësen dann am rietse Wénkel placéieren.

Am Ufank vun der zweeter Hallschent sinn d'Australierinnen e gutt Stéck méi couragéiert ginn. Obwuel gréisstendeels d'Iddie bei de "Matildas" gefeelt hunn, konnt Stéck fir Stéck ëmmer méi Drock op England opgebaut ginn.

An der 63. Minutt dunn de sensationellen Ausgläich fir Australien: D'Kapitänin Samantha Kerr gëtt no Ballgewënn an déi géigneresch Hallschent geschéckt. Mat zwou englesche Verteidegerinne viru sech, decidéiert sech déi 29 Joer al Stiermerin fir e Schoss aus knapp 25 Meter op de géigneresche Gol an trëfft!

Sech iwwert dëse wonnerschéine Gol freeën, konnten d'Australierinnen net all ze laang: An der 71. Minutt verléiert d'Ellie Carpenter de Ball am eegene Strofraum un d'Lauren Hemp, dat dat ronnt Lieder aus 8 Meter flaach an de rietsen Eck setzen an England nees a Féierung brénge konnt.

An der 83. Minutt hat dat frësch agewiesselt Cortnee Vine eng gutt Geleeënheet fir den Ausgläich, déi englesch Keeperin Mary Earps konnt awer mat enger staarker Parad paréieren.

Nëmmen dräi Minutten duerno ass dunn och de Gol gefall, deen déi endgülteg Entscheedung bruecht huet: D'Lauren Hemp huet de Ball no enger schwaacher Defensiv-Aarbecht vun de "Matildas" no riets op d'Alessia Russo gespillt, wat präzis am lénksen Eck vum australesche Gol treffe konnt.

Mat dëser verdéngter 3:1-Victoire, treffen d'Englännerinnen e Sonndeg op d'Spuenierinnen, déi sech en Dënschdeg géint Schweeden duerchsetze konnten.