En Dënschdeg gouf déi éischt Halleffinall vun der Futtball-WM gespillt, an do behaapt sech Spuenien no spéide Goler mat 2:1 géint Schweden.

D'Spuenierinne si besser an de Match komm, dat bei bal 70% Ballbesëtz an den éischten 20 Minutten. Kloer Golgeleeënheete konnten awer net erausgespillt ginn. Virun allem technesch war Spuenien kloer iwwerleeën a konnt sech no an no Chancen erausschaffen. An der 42. Minutt wier et dunn awer bal den 1:0 fir Schweden gewiescht, ma d'spuenesch Golkeeperin konnt de Schoss paréieren.

An der zweeter Hallschent huet Spuenien den Drock erhéicht. Et huet awer bis déi 81. Minutt gedauert, bis eng 19 Joer jonk Awiessel-Spillerin den 1:0 markéiere konnt. No enger Flank konnt déi schwedesch Defense de Ball net richteg degagéieren an d'Salma Paralluelo stoung prett fir den Ofpraller eranzeschéissen.

RTL

Et konnt ee mengen, de Match wier gelaf... ma déi Rechnung gouf ouni d'Schwedinne gemaach. An der 88. Minutt hunn zwou weider Awiesselspillerinne fir den Ausgläich gesuergt. No enger Flank vum Rolfö huet d'Hurtig mam Kapp virgeluecht an d'Blomqvist konnt via Hallefvolley op 1:1 setzen, an alles war nees op.

RTL

© AFP

Ma dunn ass et komplett geckeg ginn. Nëmmen 1 Minutt méi spéit huet d'Olga Carmona no engem Corner mat engem schéine Schoss aus 16 Meter Spuenien nees mat 2:1 a Féierung bruecht.

RTL

© AFP

7 Minutten Nospillzäit stoungen dunn nach op der Auer. Et huet awer näischt méi um Schlussresultat geännert. Spuenien ka sech eng éischte Kéier fir d'Finall vun enger Futtball-WM qualifizéieren.

E Mëttwoch um 12 Auer eiser Zäit ass dann déi zweet Halleffinall. Do trëfft dann Australien op England.

D'Finall ass e Sonndeg och um 12 Auer.