Mats Wenzel verbessert sech am General op Plaz 5

© GONGORA NurPhotoNurPhoto via AFP (Archiv)
En Donneschdeg ass et op der 3. Etapp vum Tour of Britain iwwer 122 Kilometer vu Milton Keynes op Ampthill gaangen.
De Mats Wenzel war en Donneschdeg op der 3. Etapp vum Tour of Britain an der Echappée vum Dag vertrueden an huet do fläisseg Punkte fir de Biergtrikot, an och Bonifikatioune gesammelt. Doduerch steet de jonke Lëtzebuerger elo am Klassement vum beschte Biergfuerer op der zweeter Plaz mat 6 Punkten. Leader ass de Britt Ben Chilton mat 7 Punkten. Am General verbessert de Lëtzebuerger sech op déi fënneft Plaz.
Visma-Lease a Bike konnt och um drëtten Dag vum Tour of Britain feieren. Nodeems op den zwou éischten Etappen den Olav Kooij Victoirë feiere konnt, huet den Hollänner sech en Donneschdeg an den Déngscht vu sengem Coequipier Matthew Brennan gestallt. De Bitt konnt sech dann och am Massesprint behaapten. Hien huet sech virum Italieener Alberto Dainese an dem Portugis Rui Oliveira duerchgesat. De Mats Wenzel ass an der nämmlechter Zäit als 85. ukomm.
Am General bleift den Hollänner Olav Kooij un der Spëtzt. Hien huet eng Avance vun 10 Sekonnen op de Matthew Brennan. Op de Plazen 3, 4 a 5 mat all Kéier 14 Sekonne Retard leien den Alberto Dainese, de Belsch Tom Crabbe an de Mats Wenzel.
D'Klassement vun der Etapp
1 Brennan Matthew Team Visma | Lease a Bike 2:35:45
2 Dainese Alberto Tudor Pro Cycling Team 0:00
3 Oliveira Rui UAE Team Emirates - XRG ,,
4 Hofstetter Hugo Israel - Premier Tech ,,
5 Menten Milan Lotto ,,
6 Teutenberg Tim Torn Lidl - Trek ,,
7 Govekar Matevž Bahrain - Victorious ,,
8 Crabbe Tom Team Flanders - Baloise ,,
9 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike ,,
10 Brustenga Marc Equipo Kern Pharma ,,
...
85 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 0:00
De General
1 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike 9:48:40
2 Brennan Matthew Team Visma | Lease a Bike 0:10
3 Dainese Alberto Tudor Pro Cycling Team 0:14
4 Crabbe Tom Team Flanders - Baloise ,,
5 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma ,,
6 Hofstetter Hugo Israel - Premier Tech 0:16
7 Watson Samuel INEOS Grenadiers ,,
8 Stokbro Andreas Unibet Tietema Rockets 0:17
9 Lanhove Milan Team Flanders - Baloise ,,
10 Froidevaux Robin Tudor Pro Cycling Team 0:18