D’Qualitéit vum Waasser an der Seine konnt beim Testevent esou just fir 2 Kompetitiounen duerhalen.

Ee Joer virun den Olympesche Spiller zu Paräis steet d’Organisatioun schonn op zolitte Féiss. Och de Projet, fir den traditionellen Triathlon, wéi och dee vun den Paralympics, laanscht pittoresk Gebaier ze féieren, geet voll op. De Petit a Grand Palais, de Mussée d’Orsay, d’Assemblée Nationale an d’Champs Élysées erop an e Katzesprong vum Arc de Triomphe ewech erëm erof. Och d’Spectateure waren déi lescht Woch um Rendez-vous, virun allem sonndesmoies fir de Relais Mixte. Den Depart vun alle Coursse war moies um 8 Auer. Fir d’Weltelite war et och e gudden Test an zur gläicher Zäit war et eng Manche vum Weltcup.

Kee vun de Lëtzebuerger Häre konnt sech fir déi individuell Kompetitioun qualifizéieren. Bei den Damen war d’Jeanne Lehair am Asaz. D'Europameeschterin ass jo schonn esou gutt wéi fir d’Olympesch Spiller qualifizéiert. Encouragéiert vum Nowuess vun der Triathlonsfederatioun konnt d’Jeanne Lehair eng gutt 11. Plaz erreechen. En Top Ten op den Olympesche Spiller ass deemno keng Utopie.

Dass e klengt Land wéi Lëtzebuerg sech fir de Relais Mixte konnt qualifizéieren, ka schonn als en Erfolleg betruecht ginn. No enger 15. respektiv 16. Plaz bei den zwee éischten Optrëtter gouf et zu Paräis a Presenz vun der Weltelite mat enger 21 Plaz vun 22 Ekippen e Réckschlag. Eng méiglech Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller wäert extrem schwiereg ginn.

Wann ee bedenkt, dass souwuel déi paralympesch Kompetitioun, wéi och de Relais Mixte an en Duathlon transforméiert gouf, da kann ee sech e Bild dervunner maachen, wat d'Suergekand Nummer 1 fir d’Organisateure fir 2024 wäert ginn. D’Qualitéit vum Waasser an der Seine konnt esou just fir 2 Kompetitiounen duerhalen. E Plang B gëtt et net. Mol ofwaarden, wat eis franséisch Nopere sech wäerten afale loossen.