Cowboys weider dominant, 49ers a Saints bleiwen ongeschloen

© Photo by Jared C. Tilton / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Déi éischt Spilldeeg vun der NFL soe ganz dacks nach net vill aus an awer kann ee verschidden Tendenze schonn erkennen.
Nodeem se schonn um éischte Spilldag d'Giants mat 40:0 ausernee geholl hunn, hunn d'Cowboys och der zweeter Ekipp aus New York keng Chance gelooss. Dobäi hate sech d'Jets nach am Laf vum zweete Véierel op 7:10 bäigekämpft a si mat engem 10:18-Réckstand an d'Paus gaangen. Ma am zweete Véierel sollt de Jets an der Offense näischt méi geléngen, esou datt si 10:30 verléieren.
An enger vun de Spëtzepartie vun dësem Spilldag hu sech d'49ers bei de Rams knapp mat 30:23 duerchgesat. Et war eng enk Partie, et stoung 17:17 an der Paus, déi eréischt am leschte Véierel decidéiert gouf. Et war iwwregens déi éischte Kéier an der Geschicht vun der NFL, datt e Quarterback, deen am Draft als Éischte gewielt gouf, de Matthew Stafford vun de Rams, géint ee Quarterback, deen als Leschte geholl gouf, de Brock Purdy vun de 49ers, gespillt huet. A bei dëser Première hat de "Mister Irrelevant" d'Nues vir.
Am direkten Duell géint eng Ekipp aus hirer Divisioun konnte sech d'Saints auswäerts bei de Panthers 20:17 duerchsetzen. Eréischt am leschte Véierel konnt d'Ekipp aus New Orleans de Match dréinen an d'Partie fir sech decidéieren.
Eng ganz schlecht Noriicht gouf et dann fir d'Fans vun de Browns. An hirem Duell mat de Steelers, wat si knapp 22:26 verluer hunn, huet sech hire Star-Running-Back Nick Chubb schwéier um Knéi blesséiert. Villes deit drop hin, datt d'Saison fir hire Lafgigant eriwwer kéint sinn.
D'Resultater am Iwwerbléck
Vikings- Eagles 28:34
Packers - Falcons 24:25
Raiders - Bills 10:38
Ravens - Bengals 27:24
Seahawks - Lions 37:31
Colts - Texans 31:20
Chiefs - Jaguars 17:9
Bears - Buccaneers 17:27
Chargers - Titans 24:27
Giants - Cardinals 31:28
49ers - Rams 30:23
Jets - Cowboys 10:30
Commanders - Broncos 35:33
Dolphins - Patriots 24:17
Saints - Panthers 20:17
Browns - Steelers 22:26