Julian Nagelsmann gëtt neien Trainer vun der däitscher Nationalekipp

Den Ex-Bayerntrainer soll e Kontrakt iwwer 10 Méint, also bis no der Europameeschterschaft am eegene Land, kréien.
De Julian Nagelsmann soll neien Däitschen Futtballnationaltrainer ginn, dat mellt déi am Sport ëmmer gutt informéiert Bild-Zeitung an och aner divers däitsch Medien. De 36 Joer ale Coach soll emol e Kontrakt vun 10 Méint also bis no der Europameeschterschaft am eegene Land kréien.
De Nagelsmann hat u sech nach e Kontrakt vun dräi Joer beim FC Bayern München, bei deem hien am Mäerz den Trainerstull virun d'Dier gestallt krut. Den Hansi Flick war nom 1:4 Ufank dës Mounts géint Japan als Däitschen Nationaltrainer entlooss ginn. Duerno hat de Rudi Völler fir ee Match iwwerholl an do gouf et eng Victoire géint de Vizeweltmeeschter Frankräich.
Déi éischt Rendez-vouse vun der DFB-Formatioun mam Julian Nagelsmann wären dann am Oktober an den USA an a Mexiko.