Lëtzebuerger U17 gewënnt mat 3:2 géint d'Belsch
E Mëttwoch huet d’U17-Futtball Nationalekipp ee Testmatch zu Housen géint d’Belsch gespillt.
No 90 Minutten gouf et eng 3:2-Victoire fir d’rout Léiwen, déi domadder vill Confiance konnte sammelen, fir d’EM-Qualifikatiounsmatcher am Oktober. An do denkt warscheinlech deen een oder aneren zeréck un d’Participatioun op der U17-Europameeschterschaft d’lescht Joer an Israel.
Zanterhier huet sech de Kader awer vill verännert. Déi meescht Spiller sinn an d’U19 erop geréckelt, donieft och den Trainer Mario Mutsch. Iwwerholl gouf seng Tâche vum René Peters, dee mat sengem Grupp probéiert een änlechen Exploit hinzekréien.
D’Géigner an der éischter Qualifikatiounsronn am Oktober heesche Slowenien, Serbien an Aserbaidschan. Gespillt gëtt ee Mini-Qualifikatiouns-Turnéier a Serbien, fir sech da fir d’Eliteronn kënnen ze qualifizéieren. Fir sech beschtméiglech ze preparéieren, huet U17 ee leschten Frëndschafts-Lännermatch géint hir Alterskolleegen aus der Belsch gespillt.
D’Ekipp vum René Peters hat zu Housen een optimalen Start erwëscht a konnt no ronn 10 Minutten duerch den Nathan Boulot mat 1:0 a Féierung goen.
D’rout Léiwe waren an der éischter Hallschent iwwerleeën, kruten hir Golchancen awer net eran. An den zweete 45 Minutten huet den Bruno Giesteira et awer besser gemaach a konnt de Score op 2:0 stellen.
Eng belsch Äntwert huet net all ze laang op sech waarde gelooss. D’”Diables rouges” konnten e puer Minutten méi spéit duerch den Hidraoui verkierzen an 10 Minutte virun Schluss duerch den La Barbera den 2:2-Ausgläich markéieren.
Lëtzebuerg huet sech doduerch awer net irritéiere gelooss an an der Nospillzäit vun dëser Partie konnt den Malik Pinheiro fir d’3:2-Schlussresultat suergen. Och wann een duerch dës Victoire an dee gewonnene Match géint Montenegro virun e puer Wochen vill Confiance konnt tanken, weess een op Lëtzebuerger Säit awer och, datt ee sech nach muss steigeren.
Lass geet et fir d’U17 den 21.Oktober mam Match géint Slowenien.