D'Kärgeschäft vum Inaps ass d'Qualitéitsentwécklung vum Sport-Secteur

Aus der Eneps, der École nationale de l'éducation physique et des sports, ass den Inaps, d'Institut national de l'activité physique et des sports, ginn.
Den Inaps huet als nationale Kompetenz- a Ressourcenzenter 7 legal Missiounen, déi e muss erfëllen. Iwwergräifend hunn déi all eppes mat der Qualitéitsentwécklung vum Sport an der Beweegung hei zu Lëtzebuerg ze dinn. D'Sportverbänn an d'Sportbeweegung hei am Land kruten dat Ganzt elo presentéiert. D'Kärgeschäft ass deemno d'Qualitéitsentwécklung vum Sportsecteur, dozou den Direkter vum Inaps Charel Stelmes:
Éischtens ass et d’Aufgab, fir am grousse Beräich am Sport an an der Beweegung aus- a weiderzebilden, engersäits ass dat an Zesummenaarbecht mam Mouvement sportif, Trainer an Dirigenten, an anerersäits a Kooperatioun am Ifen am mam SNJ, ass et d’Léierpersonal an d’Educateuren. Den zweete Volet ass deen, datt mir d’Federatiounen, d’Ministèren, d’Verwaltungen an d’Gemengen an hirer Konzeptentwécklung- an Ëmsetzung ronderëm de Sport an d’Beweegung beroden an ënnerstëtzen. Déi 4 Acteure kënnen hei zu Lëtzebuerg enorm vill Afloss op d’Beweegungs- a Sportsliewe vun jiddwer eenzele Bierger huelen an och dorobber, datt méiglechst vill Leit e Liewe laang kierperlech aktiv sinn a bleiwen.
D'Inaps soll och dozou bäidroen, datt d'Beruffer am Sport definéiert an d'Ausbildung dozou ëmgesat solle ginn. Da sollen och national an international Initiative vum Sportsinstitut ënnerstëtzt, respektiv geholl ginn, fir datt och doduerch sech d'Qualitéitsentwécklung an der Lëtzebuerger Sports- a Beweegungslandschaft positiv entwéckelt.