"Feelende Commitment"
Leipzig trennt sech vum Max Eberl

© AFP
Am däitsche Futtball huet sech RB Leipzeg dach iwwerraschend vu sengem Sportvirstand Max Eberl getrennt.
De fréiere Sportdirekter vu Gladbach hat no engem Burnout viru ronn 20 Méint eréischt virun 10 Méint beim däitsche Coupegewënner ugefaangen. Déi Responsabel vu Leipzig reprochéieren dem Eberl, fir net genuch Asaz gewisen ze hunn.
RB spillt e Samschdeg am Spëtzematch an der éischter Bundesliga géint Bayern München.
Am meeschte gelies