US-Universitéite rekrutéieren aktiv Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler
Ëm déi 10 Sportlerinnen a Sportler aus dem Grand-Duché sinn aktuell mat engem Sportstipendium an Amerika.
Déi meescht fir Basket ze spillen, mee och fir Volleyball, Futtball, Tennis, Schwammen a Liichtathletik.
Si ginn dacks vun den Unie selwer ugeschwat oder iwwert Agente vermëttelt. Gelackelt gi se mat enger Offer, déi een hei an Europa net fënnt. Et kann ee studéieren, trainéieren, wunnen an iessen ouni eegene finanziellen Invest, dat heescht d'Käschte gi vun der amerikanescher Uni iwwerholl. Als Géigeleeschtung muss een op engem sportlechen Top-Niveau sinn a fir d'Uni an de Kompetitioune punkten. Kontrakter lafe meeschtens just op ee Joer. Sécher ass et deemno net, dass een de ganze Studium mat dem Stipendium an den USA ka fäerdeg maachen.
Mir hunn dräi Lëtzebuerger Leeschtungssportler no hiren Erfarungen an Erwaardunge gefrot.
De Charel Grethen war 2010 bei der Junior-Weltmeeschterschaft a Kanada dobäi an ass iwwert 800 Meter op déi 17. Plaz komm. Direkt e puer amerikanesch Unien hunn hien, deemools am Alter vu 17 Joer, ugeschwat an eng Offer fir e Sportstipendium gemaach. E Joer huet hien op der Texas State University an 3 Joer op der University of Georgia studéiert. Säi Bachelorstudium an de Finanzen huet hien do ofgeschloss. Hien denkt gären un déi Zäit zeréck, mee gëtt Saachen ze bedenken, wann ee sech fir e Sportstipendium entscheet. "D'Haaptzil fir si ass, dass ech do si fir hir Kompetitiounen, dat anert ass bëssen nach esou e Bonus. Dat heescht, wann ech am Summer zréck an Europa war, hunn dann EM an esou weider gemaach, mee dat ass dann net méi grad de Fokus vun der Saison." A sengen Aen huet den amerikaneschen Uni-System net nëmme Virdeeler, mee bitt Leeschtungssportler e Studieplang, an deem de Sport mat agebonnen ass. "Ech mengen, hei an Europa misst méi gemaach ginn, fir de Sport an de Studium ënnert en Hutt ze kréien. An Amerika ass dat vläicht méi eng Kultur, déi Sportkultur, wéi hei an Europa."
D'Anne Simon huet 23 Joer a studéiert am fënnefte Joer Psycho op der University of Maine. Si krut vu verschiddenen Unien e Sportstipendium ugebueden an huet sech fir dës am Bundesstaat Maine entscheet. Hei spillt si an der Ekipp vun den "Black Bears Maine" Basket. An der éischter Saison an der amerikanescher Liga ass si als "America East Rookie of the Year" ausgezeechent ginn an d'lescht Joer als "America East Player & Defensive Player of the Year 2022". Si huet sech bewosst fir dës Uni entscheet. "Zu Maine hu mer vill Auslänner, dat war och e Grond, firwat ech mech fir dës Uni entscheet hunn, well ech wollt mat Spillerinne sinn, déi duerch dat selwecht ginn ewéi ech. Mir hunn eent aus Schweden, Däitschland, Slowakei, Israel, Spuenien a Finnland an der Ekipp. Dat heescht 50% sinn international Spillerinnen." Si gëtt vu ville Lëtzebuerger Basketspillerinnen op hiert Sportstipendium ugeschwat. "Wat ech gutt fannen, ass, dass déi nei Generatioun och driwwer nodenkt, fir an Amerika ze goen. Ech mengen, virdrun hate mer net esou vill a mengem Alter, viru mengem Alter, déi an Amerika waren. An elo hu mer der awer 5 Stéck, déi de Schratt gemaach hunn. Et mierkt een ëmmer méi, dass déi, déi nokommen, och wëllen de Schratt maachen an Amerika. Dat mécht mech natierlech och frou, well ech gesinn, dass de Basket sech evoluéiert. Dass et wierklech hëlleft, fir engem besser ze ginn am Basket."
D'Emma Van Elslande huet 19 Joer a spillt Volleyball zënter hirem 11. Liewensjoer. Mat 15 Joer huet si déi éischte Kéier fir d’Dammennationalekipp gespillt. Dëst Joer huet si e Kontrakt mat der Coastal Carolina University am Bundesstaat South Carolina ënnerschriwwen. Si wäert do Psycho studéieren. Eng Agentin hat si op d'Méiglechkeet vun engem Sportstipendium an den USA ugeschwat an dohinner vermëttelt. Et gëtt déi éischte Kéier, dass si an d'USA reest. Nieft dem villen Training an der kierperlecher Leeschtung mécht si sech nach Gedanken ëm d'Iessen. "Ech mengen, ech hu bëssen Angscht virum Iessen, well ech awer elo oft héieren hunn, dass et awer ganz anescht ass wéi bei eis, vill méi fetteg a vill manner frësch."