Luxembourg Ladies Tennis MastersVill Prominenz um Dag, ier et lassgeet

Loïc Juchem
Um Donneschdeg spillt d’Mandy Minella géint déi fréier Nummer 1 op der Welt, d’Kim Klijsters, an d’Daniela Hantuchova géint d’Andrea Petkovic.
Gala vum Tennis Masters
Um Donneschdeg spillt d’Mandy Minella géint déi fréier Nummer 1 op der Welt, d’Kim Klijsters, an d’Daniela Hantuchova géint d’Andrea Petkovic.

Um Mëttwoch war déi grouss Welcome Night, presentéiert vum Joachim Llambi. Hien ass bekannt als de strenge Juror bei Let’s Dance. Mat dobäi och ganz vill Politprominenz an natierlech och déi 8 Tennislegenden, déi bis e Sonndeg wäerten an der Coque géinteneen untrieden. Dorënner och d’Monica Puig, déi Gold bei Olympia zu Rio 2016 gewonnen huet oder d’Mandy Minella. Pro Ronn, déi ee weiderkënnt, ginn et Suen, alles an allem leien 110.000 Euro am Dëppen. D’Luxembourg Ladies Tennis Masters gi fir dat zweet Joer elo organiséiert, dat nodeems d’Dan Maas an hir Ekipp déi lescht Joren op der Kockelscheier all Joer de WTA-Tournoi op d’Been gestallt haten. Et wollt een eppes Neies probéieren an dëst neit Format kënnt richteg gutt bei de Lëtzebuerger an doriwwer eraus un.

Um Mëttwoch gouf den Dammentennis mat engem groussen Iesse gefeiert, och d’Patricia Kelly vun der Kelly Family stoung op der Bün an huet fir de musikalesche Volet gesuergt. De Jana Novotna Award, deen all Joers un eng Spillerin geet, déi der Organisatioun besonnesch um Häerze läit, krut dëst Joer d’Daniela Hantuchova. Mat 40 Joer ass déi fréier Nummer 5 op der Welt, mëttlerweil an der Pensioun a freet sech elo, erëm emol dierfe bei engem Tournoi matzespillen, wou et och ëm eppes geet. Am RTL-Interview hunn och alleguerten d’Spillerinne betount, datt een dës Kompetitioun immens eescht hëlt an een och vill trainéiert huet.

Ob d’Kim Clijsters, d’Gewënnerin vu leschtem Joer, hiren Titel ka verdeedegen, dat gesäit een da vum Donneschdeg u bis e Sonndeg an der Coque an och op RTL 2.

Back to Top
CIM LOGO