Victoire fir de Brimin Misoi, Luc Scheller ass nationale Champion

© AFP
Am Kader vum Marathon zu Frankfurt um Sonndeg goufen och déi lëtzebuergesch Meeschterschaften organiséiert.
Bei den Häre konnt sech hei de Luc Scheller de Championstitel sécheren, dat mat enger Zäit vun 2 Stonnen, 28 Minutten an 12 Sekonnen. Op déi zweet Plaz ass de Laurent Mei komm (2:46:56), wärend de Claude Schmit (2:47:42) den Drëtte ginn ass.
Bei den Dammen ass den Titel iwwerdeems fir d'Shefi Xhaferaj, déi no 2 Stonnen, 56 Minutten a 27 Sekonnen un der Zillinn ukomm ass. D'Runa Eglisdottir ass hei mat enger Zäit vun 3:09:35 op déi zweet Plaz komm.
D'Victoire am Marathon war fir de Kenianer Brimin Misoi (2:04:53), deen domadder säin Titel verdeedege kann. Bei den Damme konnt d'Ethiopierin Buzunesh Gudeta sech no 2 Stonnen, 19 Minutten a 27 Sekonnen iwwer déi 1. Plaz freeën.