E Mëttwoch den Owend huet de Veräin aus den USA dës Nouvelle op de soziale Medie verëffentlecht.

D'Lëtzebuergerin Ehis Etute wäert an Zukunft an den USA Basket spillen. D'Oregon Ducks hunn e Mëttwoch den Owend iwwert d'Plattform X (fréier Twitter) matgedeelt, datt d'Lëtzebuergerin bei hinnen e Kontrakt ënnerschriwwen huet.

D'Oregon Ducks spillen an der Pac-12 Conference, wat een héijen Niveau an den USA um College bedeit.

D'Ehis Etute spillt aktuell nach fir den T71 Diddeleng. Déi jonk Lëtzebuergerin hat ënnert anerem dëst Joer um Summer bei der U18-EM vu sech schwätze gedoen. Si hat wärend engem Match 40 Punkten an 33 Rebounds realiséiert. Um Enn gouf si dann och zum MVP vum Tournoi gewielt.