En Donneschdeg spillt d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp hire leschten Heemmatch an der EM-Qualifikatioun géint Bosnien-Herzegowina.

Am Allersmatch gouf et eng 2:0-Victoire auswäerts. Duerch déi 0:1-Defaite virun engem Mount géint d’Slowakei huet d'FLF-Formatioun elo 5 Punkte Retard op déi zweete Plaz. An awer gleeft d'Ekipp vum Luc Holtz bis zum Schluss drun, sech nach fir d'Europameeschterschaft kënnen ze qualifiéieren.

Mir sprangen zeréck an de September vum Joer 2010. Deemools huet ee sech am bis dato leeschten Heemmatch an der EM-Qualifikatioun géint Bosnien-Herzegowina 0:3 am Stade Josy Barthel misse geschloen. Dat duerch Goler vun Ibricic, Pjanic an Dzeko. Déi zwee grouss Staren aus der Ekipp spillen haut nach, sinn allerdéngs en Donneschdeg net mat dobäi.

De fréieren U21-Nationalspiller a Schëfflenger Miralem Pjanic wäert blesséiert feelen. Bosnesche Medien no soll den Edin Dzeko dogéint gefrot hunn, fir fir déi béid EM-Qualifikatiounsmatcher géint Lëtzebuerg an d'Slowakei net am Kader ze sinn.

Am Allersmatch vun dëser Campagne konnt sech d’Ekipp vum Luc Holtz 2:0 zu Zenica behaapten. Déi bis dato eenzeg Victoire géint Bosnien-Herzegowina. An deene 7 Matcher virdru goufen et 7 Néierlagen. Ënner anerem gouf et am Joer 2022 eng 0:1-Defaite auswäerts an 2016 huet een 0:3 doheem de Kierzere gezunn. Dat waren awer allebéid Frëndschaftsmatcher.

Géint personell geschwächte Bosnier wëll een d'Favoritteroll awer net automatesch unhuelen, sou de Luc Holtz.

"Ech denken "au contraire". Ech denken, datt den Ekippegeescht, d'Motivatioun an de Wëlle fir dem Trainer ze weisen, datt déi Jongen an d'Ekipp gehéieren, datt dat mat sech bréngt, datt eng méi positiv Dynamik beim Géigner ass. Et kann awer och sinn, datt si bësse méi hektesch sinn, manner Maturitéit hunn a verschidde Spiller net déi Sécherheet an dat Vertrauen hunn, wéi ee Pjanic. Dee kann awer ee Match decidéieren."

Duerch déi 0:1-Defaite géint d'Slowakei huet Lëtzebuerg mëttlerweil 5 Punkte Retard op déi zweet Plaz, dat nach bei 2 verbleiwende Matcher. De Kapitän Laurent Jans an de Vincent Thill wäerte giel-gespaart feelen.

Wéi de Luc Holtz en Donneschdeg op der Pressekonferenz sot, sinn de Mica Pinto (Knéi-Probleemer), de Maxime Chanot (Adduktore-Probleemer), de Florian Bohnert (Sprongelenk-Probleemer) an de Christopher Martins (Gripp) ugeschloen. Trotzdeem gleeft ee bei der FLF-Selektioun nach bis zum Schluss un eng EM-Qualifikatioun, soulaang et rechneresch méiglech ass.

Wéi d'FLF-Selektioun sech géint Bosnien-Herzegowina aus der Affär zitt, gitt Dir en Donneschdeg vun 20.30 Auer un um RTL ZWEE, um Radio an um Internet (Stream a Liveticker) gewuer.