David Lang an d’Jeanne Lehair sinn Triathlete vum Joer
Den Interessi zu Lëtzebuerg fir den Triathlon hellt vu Joer zu Joer bei.
Viru 40 Joer hat de Raymond Behm d’Iddi fir en Triathlon zu Lëtzebuerg ze organiséieren. No 2 Joer war de Pap vum Triathlon enchantéiert iwwert den Intressie fir des Sportaart mat 3 Disziplinnen.
E Samschdeg den Owend an der Coque konnt ee sech e Bild driwwer maachen, wéi den Triathlon sech vu Joer zu Joer entwéckelt huet. Vill Kanner a Jugendlecher si begeeschtert vun dëser ofwiesslungsräicher an Trainings opwenneger Sportaart.
A wéi d'Membere vun der Triathlons-Famill d'Resultater vun der Jugend appreciéieren, gouf domadder ënnerstrach wéi den David Lang fir déi 2. Kéier hannerteneen zum Triathlet vum Joer gewielt gouf. Déi zweete Plaz ass fir de Gregor Payet. De jonken Athlet gehéiert zur Weltspëtzt bei de Junioren.
Och bei de Frae maachen déi jonk Drock, d'Linda Krombach gouf als 2. gewielt. Dass do d’Jeanne Lehair d'Nues vir huet ass net verwonnerlech. D’Athletin vu Metz gouf ënner anerem Europameeschterin, dat ass eng Premiere an der Lëtzebuerger Triathlon-Geschicht.
D'Nächst Joer stinn ënner anerem d’Olympesch Spiller zu Paräis um Programme, an d’Festivitéite fir 40 Joer Triathlon an 20 Joer Federatioun.