Mat 23 Joer d'Arméi als Klassebescht ofgeschloss

© Armée Luxembourgeoise
E puer Goldmedailen, Sëlwer bei de Spiller vun de klenge Länner an elo nach Klassebescht an der Arméi. An dat alles am Alter vun 23 Joer.
Dem Anetta Mosr gouf den Éiergäiz an de Sportgeescht souzesoen an d'Wéi geluecht. Hir Mamm mécht schonn zënter Joerzéngte Judo. Zanter datt hir Elteren aus Tschechien op Lëtzebuerg koumen, trainéiert seng Mamm zu Beefort am Judo-Club an hëlleft duerno als Co-Trainerin aus. D'Anetta an hir Zwillingsschwëster Klara ware vu klengem un dobäi a stoungen am Alter vu 5 Joer selwer op der Matt.

D'Anetta Mosr an hir Zwillingsschwëster Klara Mosr als Kanner. / © privat Foto
Iwwert d'Joren huet d'Anetta bei sou munche Championnater matgemaach, war am Sportlycée an huet duerno op der Uni.lu Biologie studéiert. Donieft stoung nach 4 bis 5 Mol Training op der Judo-Matt um Programm. Dëst huet d'Anetta vill Organisatioun an Disziplin ofverlaangt an awer: "Et war ëmmer alles hallef-hallef. Ech konnt mech ni nëmmen op d'Schoul oder nëmmen op de Sport konzentréieren. Dat war net ëmmer einfach", sou déi jonk Fra haut.
Nodeems si hire Bachelor ofgeschloss huet, wollt d'Anetta sech du rëm méi op de Sport konzentréieren, mam Zil, Leeschtungssportlerin ze ginn. Heivir huet si de Wee iwwert d'Arméi gewielt. Zu 90 hu si d'lescht Joer bei der Lëtzebuerger Arméi ugefaangen. D'Anetta war eng vun 8 Fraen, hat domat awer kee Problem. "Ech hu mech allgemeng schonn ëmmer gutt mat Jonge verstanen."
An deene 4 Méint war d'Anetta Mosr vu Sonndes bis Freidesowes zu Dikrech um Bierg. Hei war ënnert anerem Sport, Schéissen awer och Taktik op Asätz an Drill, also d'Ausféiere vun Uerderen als Grupp, um Programm. Dozou gehéiert et dann och als Grupp synchron zesummen ze trëppelen. "Langweileg ass et hei ni ginn a wann dann eng Kéier näischt um Programm stoung, dann hate mer eppes ze botzen oder sollten un eiser Glanz-Schicht op eise Stiwwele schaffen. Hei war et d'Zil, iergendwann esouvill Schichten drop ze hunn, dass ee sech dra spigele kann", erzielt d'Anetta mat engem Grinsen am Gesiicht.
"Also et ass schonn eng kierperlech a mental Erausfuerderung, zemools wann et deeglaang nëmme reent." Dat wier och de Grond, wisou ëmmer rëm Leit wärend der Ausbildung ophalen. Ma wann ee sech bis gutt kennt a Frëndschafte schléisst, géif een dat ëmsou méi motivéieren, weiderzemaachen. Zemools, well een och ganz vill flott Momenter zesummen erliewe géif.
"Do ginn et eng ganz Partie Beispiller. Wa mir op Übung am Baussenasaz waren, een an der Nuecht um 3 Auer wakereg gemaach gëtt, fir d'Schicht ze iwwerhuelen, do dierfe mir aus taktesche Grënn jo keng Täscheluucht umaachen. Dann héiert ee gären, dass Leit hir Box net erëmfannen. Dat si scho witzeg Momenter."
Dat wieren awer och déi Momenter, wou ee bäiléiert. "Zum Beispill, dass ee säi Rucksak anstänneg packe muss a seng Uerdnung hale muss, fir dass ee grad eben och matten an der Nuecht ouni Luucht seng Box fënnt", sou d'Anetta.
No 4 Méint bei der Lëtzebuerger Arméi hunn 61 Zaldoten d'Ausbildung erfollegräich ofgeschloss. Dorënner och d'Anetta Mosr, wat et tatsächlech fäerdeg bruecht huet, als Bescht ofzeschléissen. Eppes wourop d'Anetta uganks net higeschafft huet. "Et krut een ëmmer rëm Tëscheresultater, wou ech op der éischter Plaz stoung, do war natierlech de Reiz grouss, d'Ausbildung schlussendlech och als Klassebescht ofzeschléissen."
Elo steet de Fokus op Sport
No hirem Erfolleg bei der Lëtzebuerger Arméi wëll d'Anetta Mosr sech rëm komplett op de Sport konzentréieren. Dat heescht elo rëm quasi all Dag Training, mee och Sportstagen am Ausland. Sou sti Stagen op der Elfenbeinküst, Estland wéi och Polen schonn um Plang. An och eng ganz Partie Championnater sti scho fest.

© privat Foto
Wat d'Olympesch Spiller ugeet, wëll déi jonk Fra elo näischt iwwerstierzen, dofir wier et elo souwisou schonn e bësse spéit. Ma an Zukunft wéilt si awer schonn dorop hi schaffen. Fir d'Lescht hat d'Anetta Mosr bei de Spiller vun de klenge Länner gepunkt. An der Kategorie ënner 63 Kilo huet si d'Sëlwermedail heembruecht.