Bei der Handball-Europameeschterschaft an Däitschland stinn zanter e Mëttwoch den Owend d'Halleffinaliste fest.

Frankräich kritt et mat Schweden ze dinn, iwwerdeems Dänemark géint den Organisateur Däitschland untriede muss. D'Fransouse si bis elo als eenzeg Ekipp nach ongeschloen, déi aner dräi Natiounen hunn op d'mannst ee Match bis elo verluer.

D'Halleffinalle ginn e Freideg an d'Finall e Sonndeg gespillt.