Dat ass e Minus vu 5 Leit. Net méi zeréckbehale goufen ënnert anerem den Automobilpilot Dylan Pereira an d'Liichtathletin Charline Mathias.

Kader-Revisioun vum COSL / Reportage Rich Simon

50 Leit hunn et dëst Joer an den Elite-Kader vum COSL gepackt. Dobäi kommen nach mat der Hären-Tennis-Nationalekipp, der Dëschtennis-Dammen-Nationalekipp, dem Dubbel Dammen an och dem Dubbel Mixte am Dëschtennis och nach 4 Ekippen.

Am Elite-Kader vum COSL sinn elo 50 Sportler vertrueden
De COSL huet e Freideg d'Kader-Revisioun bekannt ginn. Den Directeur technique vum COSL Raymond Conzemius am RTL-Interview.

Zwee prominent Nimm sinn dëst Joer net méi am Elite-Kader dobäi. Ënnert anerem d'Liichtathletin Charline Mathias, déi e Sonndeg nach den eegene Rekord iwwer 800 Meter an der Hal verbessert huet. Dat leschte Joer sinn d'Resultater awer net duergaangen, fir datt d'Mëttelstreckeleeferin nach hätt kéint am Elite-Kader bleiwen. Vun engem sougenannte Karrenzjoer, dee fir blesséiert Sportler virgesinn ass, konnt d'Charline Mathias net profitéieren., well dat schonns an der Vergaangenheet de Fall war.

Deen zweete prominenten Numm, deen net méi am Elite-Kader vum COSL ass, dat ass dee vum Dylan Pereira. Dem Pilot seng Resultater sinn dat lescht Joer net duergaangen. Dobäi war den Dylan Pereira nach 2022 de Sportler vum Joer.

Nieft dem Elite- gëtt et awer och de Promotiouns-Kader. Hei sinn haaptsächlech méi jonk Athleten dra vertrueden. Dat waren der dat lescht Joer 45 an dëst Joer 52. Vis-à-vis vum leschte Joer huet just de Coureur Michel Ries de Sprong vum Promotiouns- an den Elite-Kader gepackt.

Hei geet bei de PDF vum COSL