No engem spektakuläre Krimi hu sech déi franséisch Handballer fir d'EM-Finall qualifizéiert.

D'Ekipp vum Trainer Guillaume Gille huet den Titelverdeedeger Schweden e Freideg zu Köln mat 34:30 (27:27, 17:11) no Verlängerung geklappt. Frankräich huet domadder weider d'Chance op de véierten EM-Titel. E Sonndeg spillt een an der Finall géint de Weltmeeschter Dänemark.

D'Dänen hu sech e Freideg den Owend mat 26:29 (14:12) géint d'Ekipp vum Alfred Gislason behaapt. Dänemark steet domadder fir d'éischte Kéier zanter 10 Joer nees an enger EM-Finall. Frankräich war 2014 fir d'lescht Europameeschter. Hei hat een an der Finall Dänemark mat 41:32 gewonnen.

Nach ass et awer net zu 100 Prozent sécher, ob Frankräich sécher an der Finall steet. Schweden huet nämlech Protest ageluecht. Frankräich hat sech a leschter Sekonn an d'Verlängerung gerett. Den Elohim Prandi hat de Ball mat engem direkte Fräiworf an de Filet gesat. Wéi op Videoen ze gesinn ass, huet de Prandi bei sengem Fräiworf e Schratt gemaach, ier de Ball seng Hand verlooss huet. Dat ass net erlaabt an dogéint hunn d'Schweden elo Protest ageluecht.