Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt huet eng Lëtzebuerger U20-Äishockey-Nationalekipp un enger Weltmeeschterschaft deelgeholl.

Zu Sarajewo hunn d'Lëtzebuerger 2 Mol géint Bosnien-Herzegowina a Südafrika gespillt. Um Enn ass déi zweete Plaz an der drëtter Divisioun erausgesprongen. Dat ass net duergaangen, fir déi nächst Saison an der zweeter Divisioun ze spillen. Trotzdeem ass een net ganz onzefridde mat de Resultater.

Äishockey-WM - 3. Divisioun: Sëlwer fir U20-Nationalekipp/Reportage Rich Simon