Och de Mica Pinto konnt e Sonndeg fir seng Ekipp ee Gol markéieren, bleift mat Arnhem an der Tabell awer weider ënnen dran.

Sonndeg

Fir den Gerson Rodrigues leeft et an der Slowakei weider gutt. Bei der 4:1-Victoire géint den Tabelleleschten konnt sech Slovan Bratislava mat zwee Goler vum Lëtzebuerger weider dräi Punkte sécheren. An der Tabell vergréissert de slowakesche Rekordmeeschter säi Virsprong un der Spëtzt duerch e Remis vum Tabellenzweeten op elo 12 Punkten.

Och de Mica Pinto huet e Sonndeg ee Gol fir seng Ekipp markéiert. An der hollännescher Eredivisie spillt Vitesse Arnhem duerch säi Gol 1:1 géint den FC Volendam gläich. Dee Punkt hëlleft de béiden Tabelle-Schlussliichter awer net all ze vill weider. Déi zwou Ekippe bleiwen nämlech weiderhi mat nëmmen 13 Punkten e gutt Stéck vun de séchere Plaze fort.

An der Eredivisie gouf et dann och nach e spéide Remis fir den NEC Nijmegen. Duerch e Gol an der 94. Minutt geléngt en 2:2-Remis géint Ajax Amsterdam, bei deem den Yvandro Borges allerdéngs net zum Asaz komm ass.

Nodeems den Anthony Moris an der Europa League en Donneschdeg géint Frankfurt pauséiere misst, stoung de Lëtzebuerger Nationalgolkipp e Sonndeg nees tëscht de Pottoen. Fir Saint-Gilloise gëtt et um Enn eng 1:3-Victoire géintnde KV Kortrijk.

Waldhof Mannheim bleift no enger Defaite weider am Ofstigskampf vun der 3. däitscher Liga. Am Derby géint den 1. FC Saarbrécken huet ee sech um 26. Spilldag virun den eegene Spectateure misse mat 0:2 geschloe ginn. De Laurent Jans war dobäi fir 55 Minutten am Asaz.

St. Pauli bleift mat engem 1:0-Succès weider Tabelleleader an der 2. Bundesliga. Den Danel Sinani huet d'Victoire vu senger Ekipp vun der Bänk aus gesinn.

Samschdeg

An der Bundesliga schéngt den Trainerwiessel bei Mainz direkt eppes ze bréngen. Mainz gewënnt 1:0 géint Augsburg an huet elo 15 Punkten, steet awer weiderhin op der virleschter Tabelleplaz. De Leandro Barreiro stoung 90 Minutten um Terrain an hat och déi eng oder aner Méiglechkeet, e Gol ze schéissen. Mainz muss sech awer weiderhin druginn, fir an der Bundesliga ze bleiwen.

An Éisträich huet d'Austria Wien e wichtege Schratt Richtung Titel-Playoff gemaach. D'Ekipp vum Marvin Martins setzt sech 2:1 géint Altach duerch a steet elo punktgläich mam Rival Rapid Wien a Klagenfurt op der begierter sechster Plaz fir an de Playoff. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun a gouf an der 77. Minutt beim Stand vun 2:0 fir Wien ausgewiesselt. Déi Mof hätten och nach méi héich gewanne kënnen, mee e Gol gouf wéinst Handspill oferkannt.

De Mathias Olesen muss seng éischt Néierlag mat Yverdon astiechen. Am Duell mat Lausanne gouf eng 1:3-Néierlag fir d'Ekipp vum Lëtzebuerger, déi domat wichteg Punkten am Kampf ëm den Titel-Playoff leie léisst. Den Olesen stoung bei dësem Match net am Kader.

An der zweeter franséischer Liga waren zwee Lëtzebuerger am Asaz. De Florian Bohnert an den SC Bastia verléieren doheem 0.2 géint Rodez - bei enger Victoire wäre béid Ekippe punktgläich gewiescht, elo steet Bastia mat 29 Punkte weiderhin op der 16. Plaz, knapp virun den Ofstigsplazen. De Florian Bohnert huet déi 90 Minutten duerchgespillt.

De Maxime Chanot an den AC Ajaccio konnten op d'mannst ee Punkt mat heem huelen. Am Match géint Stade Laval stoung et um Enn 1:1. Laval war no enger hallwer Stonn a Féierung gaangen, déi Ajaccio an der 61. Minutt ausgläiche konnt. De Maxime Chanot stoung 90 Minutten um Terrain.

An der aserbaidjanescher Liga stoung de Vincent Thill bei der 3:2-Victoire vu Sabah Baku géint FK Kapaz net am Kader.