Leverkusen souverän, Dortmund léisst Punkte leien
© AFP
Stuttgart festegt Plaz 3, wärend Mainz an Union Berlin Punkte géint den Ofstig sammelen. Och den 22. Spilldag war nees vu Fanprotester gepräägt.
Leverkusen setzt sech mat 2:1 zu Heidenheim duerch a baut domat d'Féierung op Bayern München provisoresch op 8 Punkten aus. D'Werkself war an der éischter Hallschent wuel beméit, huet sech awer dacks ze ëmständlech ugestallt, konnt awer vun hirer staarker Effizienz profitéieren. Kuerz virum Pausepëff huet de Frimpong Leverkusen a Féierung geschoss. Den zweeten Duerchgang war zéie Kascht fir d'Spectateuren, béid Ekippe si just vereenzelt geféierlech virum géigneresche Gol opgedaucht. Mam 2:0 an der 81. Minutt hat ee gemengt, de Match wär zou, mee de Kleindienst huet mam 1:2 déi lescht Minutten nach eng Kéier spannend gemaach. Leverkusen huet d'Avance awer iwwer d'Zäit kritt.
Dortmund muss sech mat engem 1:1 géint Wolfsburg zefridde ginn a verléiert weider den Uschloss un d'Top 3. Et war Wolfsburg, déi besser an de Match komm waren, mee de BVB konnt seng éischt Méiglechkeet an der 8. Minutt direkt notzen an a Féierung goen. Bis zur Paus hunn d'Wëllef awer nees den Toun uginn, awer ouni sech dofir ze belounen. An der zweeter Hallschent gouf Wolfsburg fir säi konsequent Urenne belount a konnt no enger knapper Stonn ausgläichen. Dortmund huet bis op eng Chance an der Nospillzäit keen nennenswäerte Schoss op de Wolfsburger Gol ofginn.
Stuttgart profitéiert vum Dortmunder Gläichspill a gewënnt 2:1 zu Darmstadt. De VfB konnt direkt seng éischt Golchance notzen; de Guirassy konnt zum 1:0 erakäppen. Darmstadt huet direkt am Géigenzuch den 1:1 markéiert, deen awer no VAR-Iwwerpréiwung kasséiert gouf. No enger Ënnerbriechung vu knapp 25 Minutte wéinst Fanprotester war Darmstadt déi besser Ekipp, mee Stuttgart krut sech an d'Paus gerett. De VfB huet déi zweet Hallschent just zu zéng ugefaangen, well de Stenzel nach virun der Paus mat Giel-Rout vum Terrain gesat gi war. D'Heemekipp konnt awer net wierklech vun der Iwwerzuel profitéieren an huet an der Nospillzäit nach den zweete Gol kasséiert. Den Éieregol fir Darmstadt huet de Seydel geschoss.
Am Kellerduell huet Mainz mam neien Trainer direkt dräi Punkten agesäckelt. De Veräin vum Leandro Barreiro behaapt sech 1:0 géint Augsburg. Mainz hat an der éischter Hallschent déi méi geféierlech Aktiounen a gouf kuerz virun der Paus mam 1:0 belount. Et hätt och mat engem 2:0 an d'Kabinne kënne goen, mee den Neizougang Amiri huet en Eelefmeter verschoss. Déi zweet 45 Minutten huet den FSV weider gekämpft, ouni vill Golchancen ze produzéieren. Géint Enn vum Match huet sech Augsburg an der Hallschent vu Mainz festgesat, konnt awer kee Kapital dorauser schloen.
Union Berlin gewënnt den zweete Match hannerteneen a sammelt wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig. D'Eisernen gewannen 1:0 bei Hoffenheim. An den éischten 20 Minutte gouf et zwou gutt Aktioune vu béiden Ekippen, duerno gouf de Match zweemol ënnerbrach. Bis zur Paus kruten d'Zuschauer net méi vill gebueden, ausser jeeweils eng giel-rout Kaart fir béid Ekippen. Och déi zweet Hallschent war vun de Golchancen hier moer, bis Union Berlin an der 84. Minutt den decisive Gol schéisse konnt.
Am Owesmatch setzt sech Leipzig2:0 géint Gladbach duerch an ass bis op ee Punkt un Dortmund drun. E fréie Gol vum Xavi Simons huet d'Heemekipp op d'Gewënnerstrooss bruecht. Leipzig war optesch an och individuell iwwerleeën, huet no der Féierung awer net méi vill op de Gladbacher Gol geschoss. Och Gladbach huet net vill no vir zustan kritt. Mam 2:0 an der 57. Minutt war de Match quasi duerch, well Gladbach och duerno an der Offensiv vill schëlleg blouf. Leipzig hätt de Score nach op 3:0 oder 4:0 erhéije kënnen, huet seng Chancen awer net konsequent genotzt.
Weider Resultater aus den europäesche Lige fannt Dir an dësem Artikel.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.