Hesper huet donieft eng geckeg Partie zu Wolz gewonnen an Déifferdeng huet de Virsprong un der Tabellespëtzt op Diddeleng ausgebaut.

Um Sonndeg stoung am nationale Futtballchampionnat bei den Hären den 19. Spilldag um Programm.

De Resumé vum 19. Spilldag vum Gilles Tricca

Déifferdeng ass no der Victoire zu Munneref weiderhin op der 1. Plaz an der Tabell. De Virsprong op den F91 ass awer méi grouss ginn, well Diddeleng sech huet misse mat engem Remis zu Käerjeng zefridde ginn.

An der Partie tëschent Nidderkuer a Péiteng huet sech d'Heemekipp mat 2:1 duerchgesat.

Et waren d'Gäscht déi besser an de Match koumen, den éischte Gol sollt awer op der anerer Säit falen. De Schmid hat mat engem secke Schoss aus ronn 16 Meter markéiert. De Progrès ass dono dominant bliwwen, huet et awer virun der Paus net méi gepackt, e weidere Gol ze schéissen. Nom Téi gouf et vu béiden Ekippe vill Feelpäss an et war kaum Spillfloss an der Partie. Ronn 20 Minutte viru Schluss hunn d'Gäscht aus dem Näischt ausgeglach. De Karamoko hat am Strofraum e Feeler op de Mawatu gemaach an de Sarr huet den Eelefmeter eragesat. De Progrès war elo nees waakreg an huet op den 2:1 gedréckt. Péiteng huet et Nidderkuer an der 82. Minutt méi einfach gemaach. Den Osmanovic krut no engem Feeler op de Guett Guett déi rout Kaart gewisen. An der Aktioun dono huet den Daham den 2:1 markéiert.

Eng wichteg 2:1-Victoire gouf et am Tabellekeller fir d'Fola géint Schëffleng.

Béid Ekippen hunn an der 1. Hallschent hir éischt Chance genotzt an e Gol markéiert. Den Isamene hat d'Fola no 16 Minutte mat 1:0 vir bruecht. D'Gäscht hunn awer reagéiert a konnten an der 25. Minutt duerch den Djetou ausgläichen. An der Suite ass net vill passéiert an et goung mam 1:1 an d'Kabinnen. An der 2. Hallschent war d'Fola méi staark an déi dominant Ekipp um Terrain. D'Heemekipp huet sech Méiglechkeeten erausgespillt, den entscheedende Gol sollt awer réischt an der 94. Minutt falen. Den Tshitoku stoung no engem Fräistouss richteg an huet de wichtegen 2:1 fir d'Fola markéiert. Mat dem Resultat kann d'Fola de Retard op Schëffleng op 4 Punkte verkierzen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Fola - Schëffleng 2:1
1:0 Isamene (16'), 1:1 Djetou (25'), 2:1 Tshitoku (90+4')

Munneref - Déifferdeng 0:2
0:1 Trani (58'), 0:2 Costa Monteiro (Jorginho) (69')

Nidderkuer - Péiteng 2:1
1:0 Schmid (25'), 1:1 Sarr (71', Eelefmeter), 2:1 Daham (84')

Stroossen - Rouspert 0:0

Wolz - Hesper 4:5
0:1 Stolz (12'), 0:2 Stolz (20'), 1:2 Klump (24'), 2:2 Danté (28', Selbstgol), 2:3 Holzhauser (49'), 3:3 Romeyns (55'), 3:4 Delgado (73'), 4:4 Ovi (76'), 4:5 Holzhauser (85')

Racing - Miersch 4:1
1:0 Buch (25', Eelefmeter), 2:0 Buch (36'), 3:0 Buch (54', Eelefmeter), 3:1 Bresch (68', Eelefmeter), 4:1 Fonrose (87')

Monnerech - Jeunesse 0:2
0:1 Luisi (86'), 0:2 Mendes (90+4')

Käerjeng - F91 Diddeleng 2:2
0:1 Stumpf (6'), 1:1 Lopes (9'), 1:2 Mura (44', Selbstgol), 2:2 Lopes (54')

D'Tabell