Red Boys klappe Bierchem, Dikrech packt d’Iwwerraschung
Déifferdeng hält de Championnat nach e bësse spannend, wärend de postiven Escher Laf weidergeet. Bei den Damme gouf et Victoirë fir d’Favoritten.
Axa League Hären
D’Red Boys Déifferdeng hu sech no der onnéideger Néierlag virun enger Woch zu Esch mat enger Victoire géint Bierchem zréck kaf an hiert Leeschtungsverméigen ënner Beweis gestallt. D’Ekipp vum Trainer Nikola Malesevic setzt sech mat 35:32 géint den Tabelleleader duerch.
Bierchem war mat engem 5:1-Laf an de Match gestart a a wosst iwwer déi komplett éischt Hallschent mat flotten Uspiller an Trickwërf ze iwwerzeegen. Iwwer déi komplett éischt 30 Minutte louch den Tabelleleader 2-3 Goler vir, éier Déifferdeng an de leschte Sekonne virun der Paus nach eng Kéier bis op ee Gol erukoum (17:18).
Déifferdeng hat an der éischter Hallschent keng gutt Leeschtung gewisen, wat sech no der Paus awer geännert huet. Et ware Kampfgeescht, Spillwitz a kloer Golchancen, déi dozou geféiert hunn, dass d’Red Boys de Match zu hire Gonschten dréine konnten. D’Ekipp ronderëm de Roman Becvar konnt an der 39. Minutt eng éischt Kéier d’Féierung iwwerhuelen an huet dobäi och vun enger Rei Parade vum Golkipp Chris Auger profitéiert. Dës Féierung hunn d’Red Boys bis zum Schluss net méi ofginn a gewanne verdéngt 35:32.
Esch konnt seng opsteigend Form och géint Diddeleng ënner Beweis stellen a klappt den HBD mat 30:28. Déi éischt Hallschent war gréisstendeels ausgeglach, well sech keng Ekipp méi wéi ee Gol ofsetze konnt. Eréischt an der 25. Minutt konnt sech Esch eng Avance vun dräi Goler erausspillen, déi och bis zur Paus gehale gouf (14:11). D’Ekipp vum Trainer Adrian Stot huet an dëse Minutte vun enger Rei staarke Parade vun hirem Golkipp Vincent Journet profitéiert.
Nom Säitewiessel huet sech Esch den néidegen Ecart tëscht der 40. a 45. Minutt erausgespillt, wéi si op eemol 6 Goler Avance haten. Diddeleng huet sech peu à peu nees erugekämpft, de Laf gouf awer duerch d’Rout Kaart fir de Kapitän Tommy Wirtz wéinst Kapptreffer beim Siwe-Meter gestoppt. An de leschte Minutte gouf et nach eng Kéier spannend, mee d’Heemekipp huet d’Nerve behalen an de Match heembruecht. De Luca Tomassini, deem insgesamt 10 Goler gelonge sinn, war den decisive Mann fir Esch.
Zu Dikrech gouf et eng fauschtdéck Iwwerraschung. De Chev huet sech 28:27 géint Käerjeng behaapt a feiert domat seng éischt Victoire am Playoff. Dikrech hat e bësse gebraucht, fir an de Match ze kommen, mee huet Käerjeng duerno richteg gutt Paroli gebueden, soudass et mat engem 14:14 an d’Kabinne goung. Den Trainerfuuss Werner Klöckner hat déi Dikrecher richteg gutt op de Géigner agestallt.
Och an der zweeter Hallschent war et e Match Spëtz op Knapp. Käerjeng konnt sech tëschenzäitlech op dräi Goler ofsetzen, mee Dikrech huet sech nees zeréckgekämpft. An der Crunchtime hat d’Heemekipp dat néidegt Gléck op senger Säit a goung als Gewënner vum Terrain.
An der Relegatioun hat de Favoritt Standard kee Problem beim HB Museldall. D’Ekipp aus der Haaptstad geet mat 32:19 als Gewënner vum Terrain. Am Match Bieles géint Miersch war et bis zum Schluss enk, mee an de leschte Minutte konnt sech Miersch den néidegen Ecart erausspillen a mat 31:25 gewannen.
Am Spëtzematch vum 4. Spilldag tëscht dem HBC Schëffleng an der Espérance Rëmeleng ass et no intensiven 60 MInutten 28:28 (14:16) ausgaangen.
Spillplang Häre Playoff
Axa League Dammen
Wéinst der Nationalekippscampagne déi lescht zwee Weekender war et bei den Dammen eréischt den zweete Spilldag am Titel-Playoff.
Um Käerjenger Dribbel konnt sech den Tabelleleader ouni Problemer géint den Tabellefënneften Esch behaapten. D’Ekipp vun der Trainerin Chris Poos huet den HBE mat enger 26:40-Néierlag heemgeschéckt a bleift domat weiderhin Éischten an der Tabell, ee Punkt virun Diddeleng. Ënnert dem Impuls vun enger staarker Jennifer Zuk (9 Goler) hat Käerjeng schonn am éischten Duerchgang de Grondstee fir eng kloer Victoire geluecht. Nom 17:11 zur Paus konnt de Rekordmeeschter seng Avance schonn an der 36. Minutt op 10 Goler eropschrauwen a goung um Enn verdéngt als Gewënner vum Terrain.
Den Duell tëscht dem HB Diddeleng an Déifferdeng war op d’mannst an der éischter Hallschent méi enk. D’Déifferdengerinnen hunn d’Gäscht viru grouss Problemer gestallt a louchen zur Paus 10:9 vir. Nom Säitewiessel ass der Ekipp vum Trainer Michel Scheuren awer net méi vill gelongen a sou konnt sech Diddeleng duerch eng staark Ekippe-Leeschtung ofsetzen an um Enn kloer mat 27:16 gewannen.
Am drëtte Match louch eng kleng Iwwerraschung an der Loft, mee um Enn huet sech de Chev Dikrech mat 20:19 géint den HB Museldall behaapt. No enger ausgeglachener éischter Hallschent (12:9) hat Dikrech no enger Avance vu 6 Goler an der 50. Minutt wéi de séchere Gewënner ausgesinn (19:13), mee well der Heemekipp an de leschten 10 Minutte just nach ee Gol gelongen ass, gouf et um Enn nach eng Kéier spannend – mam besseren Ausgang fir Dikrech.