De Lëtzebuerger Julien Henx ass e Sonndeg an der Coque seng 2. perséinlecht Beschtzäit geschwommen.

Um Sonndeg de Mëtteg stoung virun allem eng Course am Mëttelpunkt. Mam Remy Fabiani an dem Julien Henx sinn 2 Lëtzebuerger Schwëmmer iwwert 50 Meter Crawl op der Juegd nom Minima fir d’Olympesch Spiller zu Paräis. De Julien Henx wëll sech vu Course zu Course steigeren a kucken, wat am Juni derbäi erauskënnt. Um Sonndeg ass den Diddelenger mat 22,74 Sekonne seng 2. perséinlech Beschtzäit op dësem Weekend geschwommen an ass de 4. ginn. De Remy Fabiani gouf 2. an 22,43 Sekonnen. Gewonnen huet den Hollänner Thom De Boer, Finalist zu Tokio (22,17 Sekonnen).

D’Reinesch Leeloo an d’Jackie Banky stoungen niefteneen iwwer 200 Meter Crawl um Depart. 10 Joer Differenz. 2 Generatiounen. D’Jackie Banky ass omnipresent an nach déi eenzeg Schwëmmerin un där sech déi Jonk kënne moossen a steigeren. Mat der 3. Plaz huet d’Schwëmmerin vum Swimming nach d’Iwwerhand iwwert déi jonk Sportlerin vun Déifferdeng behalen. D’Maud Allar, wärend dem Weekend no u sengem nationale Rekord, d’Lou Jominet an d’Nora Bohler si weider Schwëmmerinnen, déi un der Dier klappen. A virun allem dat 13 Joer aalt Réidener Talent Emma Barthel, dat sech un exzellente Chronoen an d’Klammen op e Podium gewinnt huet.
Hannert der Lëtzebuerger Elite Fabiani, Henx an den 2 Schwëmmer Kemp an Daleiden, déi an Amerika trainéieren an do mat gudde Resultater glänzen, lauere jonk Schwëmmer, déi sech de Weekend ervir gedoen hunn.

Souwuel quantitativ wéi och qualitativ kann déi 55. Editioun vum CIJ Meet als eng Reussite betruecht ginn. 135 Schwëmmer a Schwëmmerinnen hu misste refuséiert ginn an 21 Meetrekorder an deene verschiddene Kategorië sinn d’Spigelbild vum exzellenten Niveau.

All d'Resultater fannt Dir hei.

De Resumé vum 2. Dag