Fir den FSV Mainz 05 steet e Sonndeg an der Bundesliga ee ganz wichtege Match am Kampf géint den Ofstig um Programm.

Leandro Barreiro a Co. mussen do nämlech géint den 1. FC Köln untrieden. Den Ament steet Mainz op der 15. Tabelleplaz an huet 5 Punkten Avance op Köln op der 17. Plaz. Mat enger Victoire géint den direkte Konkurrent kéim een dem Zil "Maintien" e gutt Stéck méi no. Wéi de "Kicker" an engem Artikel schreift, ass et fir d'Mainzer virun allem wichteg, datt de Leandro Barreiro bis dohinner nees fit ass.

Am Match géint Freiburg de Weekend huet de Lëtzebuerger Nationalspiller nämlech an der Paus misse blesséiert ausgewiesselt ginn. An der zweeter Hallschent hätt een do gemierkt, wéi wichteg de Leandro Barreiro fir d'Ekipp ass. De Sportdirekter Martin Schmidt huet gesot: "De Leo kënne mir a senger aktueller Form schwéier ersetzen."

Gutt fir déi Mainzer, datt et wuel esou ausgesäit, wéi wann de Lëtzebuerger e Sonndeg géint Köln nees voll asazbereet wier.