An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de President vun der Vëlosfederatioun beim Rich Simon op Besuch.

Zanter ronn 10 Joer ass de Camille Dahm President vun der Vëlosfederatioun. An där Zäit ass d’Personal staark opgestockt ginn.

D’Aarbechten um Vëlodrom zu Munneref hunn ugefaangen an de Cyclocross bei de Männer bleift d’Suergekand vun der FSCL. Iwwer alles dat schwätzt de Camile Dahm am Podcast mam Rich Simon.

De COSL war ëmmer ze vill "O" an net genuch "S"

Ze vill Olympesch op allen Niveauen. Awer de Volet Sportif ass ze kuerz komm. Mam neie President vum COSL, Michel Knepper, waren d‘Gespréicher vun Ufank u gutt. De Michel huet versprach, datt hien all Woch op d‘mannst eemol an der Maison des Sports wier an eis Doleancen da besser géif verstoen, esou de Camille Dahm.
 
Zanter 30 Joer zéie mir eis eng Gesellschaft un, déi net méi vill muss op den Dësch leeën, fir eppes ze kréien
 
Wann ee villes einfach dohigeheit kritt, da muss ee sech net wonneren, datt ee duerno net d‘Freed ëmfënnt, fir sech anerwäerts ze engagéieren. Um Terrain organiséieren ass ëmmer méi schwéier an do ass de Benevolat geschwë fäerdeg.

"Ech hätt Spaass dru gehat, de Vëlodrom mat anzeweien"

"Mir hu vill Mammen a Pappen, déi de Vëlodrom viru bruecht hunn. Ech hat d‘Chance, wann et dann elo esou kënnt, de Projet 12 Joer laang mat ze begleeden. Wann ech invitéiert gi fir 2029 bei der Aweiung mat dobäi ze sinn, wäert ech dat maachen. Et wäert awer een anere President vun der FSCL sinn, deen d'Bändche wäert duerchschneiden", esou de Camille Dahm.
 
Op enger Skala vun 0 – 10 wier een an der Federatioun mam Personal elo bei 6 bis 7 ukomm.

Doduercher, datt méi Sue vum Ministère zu Verfügung gestallt ginn, kéint een ëmmer méi Personal astellen. "Wa mir de Vëlodrom bis hunn, musse mir eppes hunn, mir musse Leit fir den Nowuess astellen. Esou kommen ech op de Chiffer vu 7 mat Loft no uewen", seet de Camille Dahm.

D'Drëtt Hallschent mam  Camille Dahm kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.