Barreiro mat Gol beim 1:1-Remis tëschent Mainz a Köln

© TORSTEN SILZ/DPA/dpa Picture-Alliance via AFP
De Maxime Chanot an den Anthony Moris konnte mat hiren Ekippe gewannen. E gutt Resultat gouf et och fir de Seid Korac a Serbien.
Mainz huet doheem just 1:1 gläich gespillt an der 1. däitscher Bundesliga. De Leandro Barreiro hat de wichtegen 1:0 markéiert an der 29. Minutt. Köln huet an der Nospillzäit awer nach ausgeglach. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain. Mainz bleift domadder op der Relegatiounsplaz.
De Maxime Chanot huet mat Los Angeles FC 3:2 géint Portland gewonnen. Den Ofwierspiller huet duerchgespillt a krut an der 75. Minutt eng giel Kaart gewisen.
An der Belsch gouf et den zweete Succès noenee fir den Anthony Moris mat der Union St. Gilloise. De Golkipp stoung beim 4:1-Erfolleg de ganze Match tëscht de Pottoen.
De Seid Korac huet mat Vojvodina 0:0 gläich géint den Tabelleleader Roude Stär Belgrad gespillt. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain an huet eng gutt Leeschtung gewisen. Vojvodina läit op der 6. Plaz an huet 5 Punkte Réckstand op déi international Plazen.
An der 2. däitscher Bundesliga souz den Eldin Dzogovic beim 1:1-Remis tëscht Magdeburg an Osnabrück de ganze Match op der Bänk. Magdeburg huet op der 11. Plaz 6 Punkte Virsprong op eng direkt Ofstigsplaz.
An Holland gouf et ënnerschiddlech Resultater. Den Ofsteiger Vitesse Arnheim huet 3:2 géint Fortuna Sittard gewonnen. De Mica Pinto huet de ganze Match gespillt a krut an der 84. Minutt déi giel Kaart gewisen. NEC Nijmegen huet dogéint 0:3 géint Alkmaar verluer. Den Yvandro Borges ass jo blesséiert a stoung net am Kader.
Den Dirk Carlson ass och nach ëmmer blesséiert. Seng Ekipp St. Pölten huet 1:2 géint Stripfing de Kierzere gezunn.
De Gerson Rodrigues war bei der 3:5-Defaite vu Slovan Bratislava bei Dunajska Streda och net am Kader.
Samschdeg
An der 3. Liga an Däitschland konnt Mannheim sech mat engem 1:1 géint Verl ee wichtege Punkt sécheren. D'Ekipp vum Laurent Jans bleift domat op der 16. Plaz an huet ee Punkt Virsprong op déi véier Ofstigsplazen. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp huet de ganze Match gespillt a krut an der Nospillzäit eng giel Kaart.
An der zweeter franséischer Liga hat Bastia zu Annecy ee ganz schwaache Start erwëscht a louch schonn no 6 Minutten mat 0:3 a Réckstand. An der Suite huet d'Ekipp vum Florian Bohnert sech gefaangen an ass no enger Stonn nach eemol erukomm, um Enn huet ee sech awer misse mat 2:3 geschloe ginn.
Fir Rzeszow gouf et an der 2. polnescher Liga relativ iwwerraschend dräi Punkten. D'Ekipp vum Sébastien Thill huet sech doheem mat 4:2 géint den Tabelleleader Lechia Gdansk duerchgesat, déi den Opstig doduerch nach net sécher hunn. Rzeszow huet duerch dëse Succès weider Chancen, an de Playoff ëm den Opstig ze kommen.
Am Playoff-Grupp vun der éischter bulgarescher Liga konnt CSKA Sofia sech mat 3:1 am Derby géint Levski Sofia behaapten. Den Enes Mahmutovic ass beim Vainqueur de Match iwwer op der Bänk bliwwen. Seng Ekipp verdeedegt domat déi 2. Plaz, huet awer just nach rechneresch Chancen op den Titel.
Ouni dee weiderhi verletzte Vincent Thill konnt Sabah Baku sech an der 1. Liga am Aserbaidschan doheem mat 2:0 géint Sabail behaapten. Domat spréngt een zumindest tëschenzäitlech op Plaz 3 a behält gutt Chancen op eng europäesch Qualifikatioun fir déi nächst Saison.
Fir Elversberg gouf et an der 2. Bundesliga eng 1:3-Defaite zu Paderborn. Trotz dëser Néierlag huet den Opsteiger mam Co-Trainer Raphael Duarte weider näischt mam Ofstig ze dinn a läit op enger souveräner 10. Plaz.
Um 5. Spilldag vun der 2. Liga an Norwegen gouf et eng weider Victoire fir Kongsvinger. Géint den Tabelleleschte Start konnt ee sech souverän mat 3:0 duerchsetzen an domadder wéinstens bis e Sonndeg un d'Tabellespëtzt sprangen. De Lars Gerson stoung bei Kongsvinger net am Kader.
An der 1. Liga an der Ukrain huet LNZ Cherkasy sech doheem misse mat 0:3 géint Shakhtar Donetsk geschloe ginn. D'Ekipp vum Olivier Thill, deen net zum Asaz komm ass, läit domadder weider mat 32 Punkten op Plaz 7 an deemno am Tabellemëttelfeld.
Freideg
Um Freidegowend konnt St. Pauli eng wichteg 1:0-Victoire géint den Ofstigskandidat Hansa Rostock feieren. Den Danel Sinani souz bei St. Pauli déi 90 Minutten op der Bänk. Duerch d'Néierlag vu Kiel géint Kaiserslautern ass een domat nees un der Spëtzt vun der 2. Bundesliga, woumat ee mindestens Plaz 3 an domat d'Relegatioun sécher huet.