Hesper wënnt géint den F91, Déifferdeng huet elo 9 Punkten Avance

© Numa Wio
Déifferdeng huet duerch d'Victoire zu Péiteng elo 9 Punkten Avance op den F91, deen am Spëtzematch zu Hesper verluer huet.
Um Sonndeg stoung de 26. Spilldag am nationale Futtball um Programm. De Spëtzematch tëscht Hesper an dem F91 gouf awer réischt um 18 Auer ugepaff. An do huet d'Heemekipp mat 2:1 géint den F91 gewonnen.
Et war eng flott Partie, déi d'Spectateuren zu Hesper gesinn hunn. D'Heemekipp hat méi vum Match. Den F91 sollt awer duerch eng Standardsituatioun a Féierung goen. Den Hadji hat de Gol markéiert. Hesper huet weider d'Spill gemaach an d'Gäscht hu gekontert. An der 35. Minutt huet de Sinani op de Gol geschoss, den Desprez konnt paréieren. De Stolz stoung awer richteg an huet de Noschoss ragemaach. No der Paus war et weiderhin ausgeglach. An der 67. an 68. Minutt haten d'Gäscht zwou gutt Chancen, d'Féierung sollt net dobäi raussprangen. 11 Minutte viru Schluss ass den Holzhauser zum Matchwinner ginn. No enger Flank stoung de Goalgetter op der richteger Plaz an huet d'Spëtzepartie mat sengem Gol entscheet. Diddeleng huet elo 9 Punkte Retard op Déifferdeng, véier Matcher bleiwen nach ze spillen.
Déifferdeng huet iwwerdeems mat 4:1 zu Péiteng gewonnen.
D'Gäscht si mat vill Elan an de Match gestart a si no puer ongenotzte Chancen a Féierung gaangen. De Jorginho hat de Ball mat engem Noschoss iwwer d'Linn gedréckt. Déifferdeng huet e Gang zréckgeschalt a Péiteng ass dono méi staark ginn. De Ruffier am Déifferdenger Gol huet zwar nach e puermol konnte retten. An der 26. Minutt ass awer den 1:1 duerch de Fuss gefall. D'Heemekipp huet weider gedréckt, e weidere Gol ass virun der Paus awer net méi gefall. Och nom Téi war Péiteng vir d'éischt besser. Wéi d'Gäscht banne knapp zwou Minutten awer zwee Goler markéiert hunn, war d'Virentscheedung gefall. No enger flotter Pass hat de Jorginho säin zweete perséinleche Gol markéiert. Kuerz drop huet den Trani op 3:1 erhéicht. De Rimm war bei Péiteng erof an an der 65. Minutt sollt de Schoissengeyr fir déi 4. Kéier de Ball am Filet ënnerbréngen. D'Heemekipp huet sech awer net komplett hänke gelooss, Déifferdeng huet um Enn awer eng souverän Victoire gefeiert.
Ënnen of huet Miersch no enger 2:0-Féierung wichteg Punkte géint Stroossen leie gelooss an um Enn nach verluer. Fola a Schëffleng bleiwe weiderhin um Wupp vun der Tabell.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Miersch - Stroossen 2:3
1:0 Varela (37'), 2:0 Fall (64'), 2:1 Azong (73', Eelefmeter), 2:2 Azong (85'), 2:3 Sacras (90+6')
Schëffleng - Jeunesse Esch 1:3
1:0 Caron (21'), 1:1 Deidda (39', Eelefmeter), 1:2 Teixeira (90+4'), 1:3 Arénate (90+5')
Péiteng - Déifferdeng 1:4
0:1 Costa Monteiro (Jorginho) (11'), 1:1 Fuss (26'), 1:2 Costa Monteiro (Jorginho) (56'), 1:3 Trani (57'), 1:4 Schoissengeyr (65')
Rouspert - Munneref 1:1
1:0 El Idrissi (15'), 1:1 Gassama (35')
Wolz - Monnerech 2:1
1:0 Schroeder (3'), 1:1 Carlak (73'), 2:1 Klump (78', Eelefmeter)
Fola - Racing 1:2
0:1 Buch (30'), 1:1 Diallo (52'), 1:2 Ahmetxhekaj (59')
Hesper - F91 Diddeleng 2:1
0:1 Hadji (13'), 1:1 Stolz (35'), 2:1 Holzhauser (79')
Progrès - Käerjeng 2:0
1:0 Jarmouni (69'), 2:0 Bah (80')