Duerch d'Defaite vu Monaco huet PSG den 12. Titel an der Ligue 1 gewonnen. Mainz huet duerch e Géigegol an der Nospillzäit 1:1 gläich géint Köln gespillt.

An der Serie A huet Inter gewonnen an e Remis gouf et tëscht Neapel an der AS Roum.

Arsenal huet am Derby zu Tottenham gewonnen.

Bundesliga

Gladbach - Union Berlin 0:0

An enger schwaacher Partie ass an der Bundesliga um Sonndeg kee Gol tëscht Gladbach an Union Berlin gefall. Virun der Paus gouf et kaum Geleeënheeten, déi bescht hat nach de Volland, mee de Stiermer vun de Gäscht huet just d'Lat getraff. An der zweeter Hallschent war Union méi engagéiert, de Niveau war awer weiderhin net héich. De Volland hat fir déi zweete Kéier Pech an huet just de Potto getraff. Mat der leschter Aktioun vum Match hätt Gladbach kéinte markéieren, de Rönnow hat dem Friedrich säi Kappball awer paréiert. An der Tabell ass Union op der 14. Plaz an huet 2 Punkten Avance op Mainz op der Relegatiounsplaz. Gladbach huet just 2 Punkte méi a läit op der 13. Plaz.

Mainz - Köln 1:1
1:0 Barreiro (29'), 1:1 Kainz (90+5', Eelefmeter)

D'Gäscht hu sech beméit, fir vun Ufank un de Match ze maachen. Spilleresch ass et awer net duergaangen a Mainz ass no Kontersituatiounen ëmmer nees geféierlech ginn. An der 29. Minutt huet de Lëtzebuerger Leandro Barreiro den éischte Gol markéiert. No engem Konter kann de Schwäbe dem Ajorque säi Schoss nach paréieren. De Barreiro kann den Noschoss awer am Filet ënnerbréngen. No der Paus gouf et direkt en Eelefmeter fir Köln, deen de Waldschmidt awer laanscht geschoss huet. An der Suite ass net vill passéiert. Mainz war awer ze passiv a gouf an der Nospillzäit bestrooft. No engem weideren Eelefmeter huet de Kainz fir Köln ausgeglach. Fir béid Ekippen ass de Punkt ze wéineg. Mainz bleift op der Relegatiounsplaz, huet awer just 2 Punkte Retard op eng Net-Ofstigsplaz. Fir Köln gesäit et nach méi düster aus. 5 Punkte feelen de Geißböcke op Mainz a 7 Punkten op d'Plaz 15.

Darmstadt - Heidenheim 0:1
0:1 Dovedan (90+1')

Duerch d'0:1-Defaite steet Darmstadt definitiv als éischten Ofsteiger fest. Et war eng flott Partie an där an der éischter Hallschent just d'Goler gefeelt hunn. Chancë gouf et op béide Säiten. Darmstadt huet no der Paus alles probéiert, fir den Ofstig ze verhënneren, et sollt hinnen awer net geléngen. An der leschter Minutt huet den Dovedan den entscheedende Gol fir Heidenheim geschoss.

Premier League

Tottenham - Arsenal 2:3
0:1 Höjbjerg (15', Selbstgol), 0:2 Saka (27'), 0:3 Havertz (38'), 1:3 Romero (64'), 2:3 Son (87', Eelefmeter)

An engem animéierten North-London-Derby war d'Gléck an den éischte 45 Minutten op der Säit vun Arsenal. Tottenham huet vun Ufank u gutt dogéint gehalen, d'Goler sollten awer alleguer fir Arsenal falen. D'Gäscht sinn duerch e Selbstgol a Féierung gaangen. Nodeems Tottenham eng Rei Méiglechkeeten net genotzt huet, ass et op der anerer Säit mat de Goler weidergaangen. Op 2:0 an op 3:0 hunn dunn de Saka an den Havertz erhéicht. Ween awer gemengt hat, dass den Derby schonn entscheet wier, huet sech geiert. De Romero huet seng Ekipp nees an d'Spill bruecht an Tottenham huet alles dru gesat, weider Goler ze markéieren. Den Uschlossgol an der 87. Minutt sollt awer ze spéit falen. Arsenal huet an der Tabell weiderhin ee Punkt Virsprong op Manchester City, huet awer och ee Match méi gespillt wéi d'Ekipp vum Pep Guardiola.

Nottingham Forest - Manchester City 0:2
0:1 Gvardiol (32'), 0:2 Haaland (71')

City huet sech vun Arsenal net beandrocke gelooss an huet zu Nottingham ouni vill Problemer mat 2:0 gewonnen. E Gol an der 1. Hallschent vum Gvardiol an een an der 2. Hallschent vum Haaland sinn de Gäscht duergaange, fir un Arsenal drunzebleiwen. Bei engem Match manner huet een den Titelgewënn ëmmer nach an der eegener Hand.

Serie A

Inter Mailand - FC Turin 2:0
1:0 Calhanoglu (56'), 2:0 Calhanoglu (60', Eelefmeter)

Den Hakan Calhanoglu war de Mann vum Match fir Inter. No enger 1. Hallschent ouni vill Héichpunkten huet sech Turin no der Paus duerch eng rout Kaart fir den Tameze geschwächt. De Meeschter Inter huet dovu profitéiert an den Calhanoglu huet tëscht der 56. an der 60. Minutt de Match mat sengen zwee Goler entscheet. Och wann Inter schonn de Meeschtertitel gewonnen huet, gëtt de Fouss net vum Gas geholl. Turin bleift an der Mëtt vun der Tabell hänken.

Neapel - AS Roum 2:2
0:1 Dybala (59', Eelefmeter), 1:1 Olivera (65'), 2:1 Osimhen (84', Eelefmeter), 2:2 Abraham (89')

Neapel huet an de leschte Minutten 3 Punkte géint Roum verspillt. Béid Ekippe waren op Aenhéicht an et waren d'Gäscht, déi a Féierung goungen. Neapel ass awer zréckkomm an huet de Match komplett gedréint. Roum huet awer net opginn, an den Abraham huet an der 89. Minutt nach ausgeglach. Neapel läit op der 8. Plaz nach ëmmer 5 Punkten hannert den internationale Plazen. Roum ass an der Tabell am Moment op der 5. Plaz.

Ligue 1

Metz - Lille 1:2
1:0 Mikautadze (23', Eelefmeter), 1:1 Ismaily (31'), 1:2 Yazici (44')

No der Defaite géint Lille ass Metz op déi 16. Plaz gerëtscht. Op eng direkt Ofstigsplaz huet ee just nach 3 Punkte Virsprong. Dobäi hat et gutt géint Lille ausgesinn, well Metz war 1:0 a Féierung gaangen. Lille huet de Match awer nach virun der Paus gedréint. An den zweete 45 Minutten ass net méi vill passéiert. Lille läit op der 4. Plaz an huet just 3 Punkte Retard op Monaco op der 2. Plaz.

Lyon - Monaco 3:2
0:1 Ben Yedder (1'), 1:1 Lacazette (22'), 2:1 Benrahma (26'), 2:2 Ben Yedder (60'), 3:2 Fofana (84')

Duerch d'Néierlag vu Monaco zu Lyon ass de PSG doheem fir d'12. Kéier Champion ginn. Fir Monaco hat et nach gutt ugefaangen, mee virun der Paus louch ee schonn zréck. De Ben Yedder huet mat sengem Gol awer nach emol ausgeglach, mee de Fofana huet dofir gesuergt, datt Monaco och rechneresch de PSG net méi anhuele kann.