Den HB Diddeleng setzt sech an engem spannende Match 24:22 géint d’Red Boys Déifferdeng duerch a verdeedegt den Titel.

Ronn 830 Spectateuren hunn eng Dammefinall gesinn, déi et bis zum Schluss a sech hat. Béid Ekippen hu sech wärend 60 Minutten näischt geschenkt an um Enn hëlt den HB Diddeleng d'Coupe mat heem. D'Red Boys Déifferdeng waren no drun, fir an dëser Saison eng zweet Kéier zum Stolperstee fir den HBD ze ginn.

Resumé Coupe am Handball bei den Dammen vum Gilles Tricca

Red Boys Déifferdeng – HB Diddeleng 22:24 (11:12)

De Match hat lues ugefaangen, fir duerno richteg Faart opzehuelen. D'Damme vun Déifferdeng waren an den éischte Minutten déi spillbestëmmend Ekipp, duerno koum Diddeleng besser an de Match a konnt an der 12. Minutt déi éischt Kéier a Féierung goen.

Op Déifferdenger Säit war d'Lily Melchior an den éischte Minutten d'Undreiwerin a gouf duerno a Manndeckung geholl. Dat an eng Rei Zäitstrofen hunn der Ekipp vum Trainer Michel Scheuren e Knacks ginn. D'Diddelenger Fiiss hunn dovu profitéiert a konnte sech tëschenzäitlech op 5 Goler ofsetzen. Bis zur Paus ass Déifferdeng awer nees den Uschloss gelongen (11:12).

D'Ufanksphas vum zweeten Duerchgang war virun allem vu Kampf op béide Säite gepräägt an et koum wéineg Spillfloss op. D'Féierung huet ëmmer nees gewiesselt, awer d'Golkippe waren op der Héicht. Souwuel d'Pauline Leythienne vum HBD (9 Arrêten) wéi och d'Déifferdengerin Emeline Hoé (12 Arrêten) hunn dozou bäigedroen, dass de Match bis an d'Crunchtime spannend blouf.

Diddeleng konnt an de leschten zwou Minutte vun enger Déifferdenger Zäitstrof profitéieren an déi néideg Avance erausspillen, fir sech um Enn déi 9. Coupe bannent de leschte 15 Joer ze sécheren.

Den Iwwerbléck vun de Resultater