D'Portugise si sécherlech de Favorit am Grupp F

2016 gouf d'Seleção eng éischte Kéier iwwerhaapt Europameeschter.
Si zielen och dës Kéier nees zu deenen Ekippen, déi a Fro kommen, fir Europameeschter ze ginn. Fir hire Superstar Cristiano Ronaldo ass et schonns déi 6. EM. Dat huet bis elo nach keen anere Spiller fäerdegbruecht. Hien huet och scho 25 Matcher op enger Europameeschterschaft gespillt an dobäi 14 Goler geschoss. Och dat huet nach keen anere Spiller fäerdegbruecht. Georgien ass fir déi éischte Kéier op enger Europameeschterschaft dobäi. An dat well si ënnert anerem an de Playoffe géint d'Lëtzebuerger gewonnen hunn. Op der EM dierfte si awer keng grouss Roll spillen. Anescht gesäit dat fir d'Tierkei an Tschechien aus. Eng vun dësen Ekippen dierft et nieft Portugal an d'Aachtelsfinalle packen. Déi éischt Matcher am Grupp F sinn en Dënschdeg. D'Tierkei kritt et mat Georgien ze dinn a Portugal mat Tschechien.
De Spillplang vum Grupp F
18. Juni Tierkei - Georgien 18.00 Auer
18. Juni Portugal - Tschechien 21.00 Auer
22. Juni Georgien - Tschechien 15.00 Auer
22. Juni Tierkei - Portugal 18.00 Auer
26. Juni Tschechien - Tierkei 21.00 Auer
26. Juni Georgien - Portugal 21.00 Auer