De VfB Stuttgart klëmmt op Plaz 2 vun der Tabell

E Freideg den Owend hat Augsburg Stuttgart op de Besuch, dat am Kader vum 33. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga.
Duerch e Gol vum Guirassy an der 48. Minutt konnt Stuttgart de Match fir sech entscheeden. Mat där Victoire kënnt de VfB elo op 70 Punkten an zitt domadder an der Tabell laanscht Bayern München, déi op 69 Punkte kommen.
D'Bayern spillen e Sonndeg am Nomëtteg doheem géint Wolfsburg, an kënnen do dann nees hir zweeten Tabelleplaz zeréck erueweren.
Bundesliga
2. Bundesliga
Den Hamburger SV huet zu Paderborn verluer (1:0), woumat dann och kloer ass, dass den HSV et net méi packt, fir an d'1. Bundesliga opzesteigen.

Si hunn no der Néierlag um zweetleschte Spilldag 4 Punkte Réckstand op Plaz 3, deen aktuell Fortuna Düsseldorf beleet, dat awer mat engem Match manner.
Et sinn deemno elo just nach Holstein Kiel, FC St. Pauli a Fortuna Düsseldorf, déi déi éischt 3 Plazen an der zweeter Bundesliga ënnert sech ausmaachen.