Wolz, Munneref an de Racing kënnen iwwerdeems net méi ofsteigen.

Schëffleng huet sech géint Hesper misse mat 1:4 geschloe ginn a steigt domat nees an d'Éierepromotioun of. No enger knapper hallwer Stonn konnt Hesper duerch de Simon a Féierung goen, ma den Djetou konnt kuerz virun der Paus egaliséieren a senge Faarwen nach Hoffnung maachen. Am zweeten Duerchgang huet de Swift sech awer du kloer duerchgesat, soudass Schëffleng als éischten Ofsteiger feststeet. Well Diddeleng parallel géint Nidderkuer 0:2 de Kierzere gezunn huet, iwwerhëlt Hesper den F91 an der Tabell a spréngt wéinst der besserer Goldifferenz op Plaz 2.

Rouspert huet sech mat 2:0 op der Jeunesse behaapt, woumat ee weiderhi Chancen op eng europäesch Qualifikatioun huet. Déi däitlech besser Kaarten huet allerdéngs Stroossen, déi Monnerech mat 1:0 geklappt hunn an domat laanscht d'Jeunesse op Plaz 5 sprangen. D'Jeunesse ka jo, genausou wéi Hesper, d'nächst Saison net international vertruede sinn.

Mat Monnerech, Käerjeng, Miersch, Fola a Schëffleng hunn déi lescht 5 Ekippen an der Tabelle alleguerte verluer. Wolz, de Racing a Munneref sinn domadder endgülteg gerett a spillen och d'nächst Saison an der ieweschter Divisioun.

Um leschte Spilldag dierft et am Ofstigskampf virun allem bei der Partie Monnerech géint Käerjeng spannend ginn. Donieft empfänkt d'Fola de Champion Déifferdeng a Miersch spillt zu Rouspert.

Resumé BGL Ligue vum Gilles Tricca

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Stroossen - Monnerech 1:0
1:0 Azong (42', Eelefmeter)

Käerjeng - Racing 1:4
0:1 Tinelli (12'), 1:1 Lopes (30'), 1:2 Skenderovic (38'), 1:3 Tinelli (40'), 1:4 Buch (71')

Munneref - Fola Esch 6:0
1:0 Benamra (5'), 2:0 Abdelkadous (29'), 3:0 Abdelkadous (38'), 4:0 Costinha (61'), 5:0 Fernandes (83'), 6:0 Cruz (86')

Déifferdeng - Wolz 1:1
1:0 Jorginho (60'), 1:1 Schroeder (62')

Diddeleng - Nidderkuer 0:2
0:1 Turpel (2', Eelefmeter), 0:2 Turpel (37')

Jeunesse Esch - Rouspert 0:2
0:1 Brandenburger (70'), 0:2 Bouché (80')

Miersch - Péiteng 1:4
1:0 Bresch (40'), 1:1 Kamavuaka (45+1'), 1:2 Yans (52'), 1:3 Benteke (70'), 1:4 Fuss (89')

Schëffleng - Hesper 1:4
0:1 Simon (29'), 1:1 Djetou (44'), 1:2 Martins (47'), 1:3 Correia (82'), 1:4 Deville (84')

D'Tabell