De Luc Holtz huet en Donneschdeg de Kader fir déi zwee Testmatcher géint Frankräich an d'Belsch bekannt ginn.

Dobäi gouf et eng grouss Iwwerraschung. De Leandro Barreiro ass net dobäi. De Spiller huet den Nationaltrainer gefrot, fir déi zwee Matcher net ze spillen, well d’Saison mat Mainz ganz laang war. De Luc Holtz huet nëmme bedéngt Versteesdemech fir déi Decisioun vum Spiller, deen déi nächst Saison bei Benfica Lissabon spillt.

De Luc Holtz iwwert de Leandro Barreiro
De Luc Holtz huet en Donneschdeg de Kader fir déi zwee Testmatcher géint Frankräich an d'Belsch bekannt ginn.

Am Kader ass och de Gerson Rodrigues, deem säi Kontrakt mat Slovan Bratislava Ugangs Mee vum Veräin opgeléist gouf. Dat well hien der Leedung vum Veräin, un deen hien ausgeléint war, wéinst Disziplinarproblemer opgefall war. Hien ass aktuell zwar nach ëmmer bei Dynamo Kiew ënner Kontrakt, dierft an der sportlecher Planung fir d'nächst Saison awer keng Roll spillen. Do dernieft huet hie jo och nach eng juristesch Affär lafen. Fir de Luc Holtz sinn dat awer keng Grënn, de Spiller net ze selektionéieren. Hien trainéiert reegelméisseg bei der FLF.

De Luc Holtz iwwert de Gerson Rodrigues
De Luc Holtz huet en Donneschdeg de Kader fir déi zwee Testmatcher géint Frankräich an d'Belsch bekannt ginn.

Blesséiert feelen de Vincent Thill, Marvin Martins, Timothé Rupil, Mica Pinto an och de Yvandro Borges. Keng einfach Ausgankssituatioun. Gläichzäiteg awer och d’Chance fir nei Gesichter. Wéi zum Beispill de Mirza Mustafic, fréier nach am Trikot vun der Escher Fola, deen awer elo bei FK Sarajevo a Bosnien-Herzegowina spillt.

Nees zeréck am Kader no deene verpasste Matcher an de Nations League Playoffs ass den Dirk Carlson. Mam Jayson Videira, dem Sofiane Ikene an och dem Fabio Lohei goufen och nees eng Rëtsch Nowuesstalenter nominéiert. Fir déi éischte Kéier zanter Juni 2021 ass och de Chris Philipps rëm selektionéiert ginn. De Kapitän vum FC Wooltz 71 stoung och 2017 bei 0:0-Remis zu Toulouse a Frankräich um Terrain.

Weiderhin Hoffnunge mécht sech den Nationaltrainer an der Affär Dany Mota. De Spiller vu Monza an Italien gouf vum portugiseschen Nationaltrainer Roberto Martinez net fir d’EM nominéiert. D’Wee fir bei d’roude Léiwe wier theoretesch also nach ëmmer méiglech.

De komplette Kader:

FOX Lucas (FC Bocholt), MORIS Anthony (Union Saint-Gilloise), PEREIRA Tiago (Borussia Mönchengladbach), SCHON Ralph (FC Wiltz 71)

CARLSON Dirk (SKN St. PöIten), CHANOT Maxime (Los Angeles FC), DZOGOVIC Eldin (1. FC Magdeburg), GERSON Lars (Kongsvinger IL), JANS Laurent (SV Waldhof Mannheim), LOHEI Fabio (FC Metz), MAHMUTOVIC Enes (ZSKA Sofia), SELIMOVIC Vahid (FK Zeljeznicar Sarajevo)

BOHNERT Florian (SC Bastia), IKENE Sofiane (1. FC Nürnberg), MARTINS Christopher (Spartak Moskau), MUSTAFIC Mirza (FK Sarajevo), OLESEN Mathias (Yverdon Sport), PHILIPPS Chris (FC Wiltz 71), THILL Olivier (LNZ Cherkasy), THILL Sebastien (Stal Rzeszow)

CURCI Alessio (Francs Borains), DARDARI Aiman (1. FSV Mainz 05), JONATHANS David (FC Bayern München), RODRIGUES Gerson, SINANI Danel (FC St. Pauli), VIDEIRA Jayson (Hannover 96)