Vitesskontroll bei Chantier op der A4Chauffer war mat 155 km/h a 70er-Beräich ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moien ass der Police bei enger Vitesskontroll bei engem Chantier op der A4 ee Chauffer an d'Netz gaangen, deen nawell ee gudde Krack ze séier ënnerwee war.
© Laurent Weber

Géint 5:48 Auer e Samschdeg de Moien ass de Chauffer mat 155 km/h amplaz vun den erlaabte 70 km/h laanscht d'Kontrollplaz vun der Police gefuer, déi op der A4 a Richtung Stad opgeriicht war. Den Auto gouf ugehalen an de Chauffer kontrolléiert. Dobäi huet sech erausgestallt, datt d'Gefier net richteg zougelooss an och net verséchert war. De Chauffer war säi Fürerschäi lass.

Police gëtt wéinst Sträit geruff, Auto saiséiert

E Samschdeg an de fréie Moiesstonne gouf ausserdeem een Auto zu Käerch saiséiert, nodeems d'Police ursprénglech wéinst engem Sträit geruff gi war. Am Chemin de la Source zu Käerch waren zwou Persounen uneneegeroden. Op der Plaz hunn d'Beamten déi zwee dunn och ugetraff - deen ee louch staark alkoholiséiert um Buedem, wärend deen aneren nieft senger Autosdier stoung. Zeien hunn net just vun enger kierperlecher Ausernanersetzung bericht, ma och, datt eng vun deenen zou Persoune mam Auto fortgefuer wier, ier si zeréck op d'Plaz koum.

Well de betraffene Chauffer och Unzeeche gewisen huet, datt hien ze déif an d'Glas gekuckt huet, huet hie missen een Alkoholtest maachen, deen dann och positiv verlaf ass. Am Kader vun den éischten Ermëttlungen huet sech ausserdeem erausgestallt, datt et géint de Chauffer schonn ee Fuerverbuet gouf. Säin Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

Eng Rei Leit koumen an d'Ausniichterungszell

An der Nuecht op e Samschdeg gouf d'Police dann och e puermol geruff, well Leit sech donieft beholl hunn a randaléiert hunn. Kuerz viru Mëtternuecht waren op der Theaterplaz an der Stad dräi Männer uneneegeroden. Virun allem ee gouf der Police géigeniwwer ëmmer méi onkooperativ, heescht et am Policebulletin.

Zu Fenteng gouf der Police kuerz no Mëtternuecht eng Persoun gemellt, déi an der Stooss "Op den Aessen" géif blären. Op der Plaz hunn d'Beamten ee sichtlech alkoholiséierte Mann virfonnt, deen aner Passanten ugepöbelt huet an ëmmer nees op de Buedem gefall ass.

Kuerz no 3 Auer huet dann nach eng Persoun an der Urgence um Kierchbierg randaléiert. Dräi Sécherheetsmataarbechter hunn nach probéiert, d'Persoun ze calméieren, ma net vill huet gehollef, bis d'Police do war.

Back to Top
CIM LOGO