Volleyball LIVED'Finalle vum Supercup um 16:30 (Dammen) an 19 (Hären) Auer am Livestream

RTL Lëtzebuerg
D'Finalle vum Supercup am Volleyball ginn e Sonndeg zu Waldbëlleg gespillt.
© RTL Grafik

Eng Woch virum Optakt vum nationale Volleyball-Championnat ginn de Weekend mam Supercup déi éischt Titele vun der Saison verdeelt. Dëst Joer gëtt de Supercup ënnert enger neier Formule organiséiert. E Samschdeg sinn an der Hal zu Waldbëlleg d'Halleffinalle gespillt ginn an e Sonndeg ass dann d'Finall vun den Dammen an den Hären.

Bei den Dammen heescht d'Finall um Sonndeg Mamer géint de Champion a Coupe-Gewënner Gym. Mamer hat sech an der Halleffinall mat 3:0 (25:23, 25:9, 25:14) géint Walfer behaapt an d'Gym war Stengefort 3:1 (25:15 22:25 25:14 25:11) iwwerleeën. De Match gëtt um 16:30 Auer gespillt.

Luerenzweiler vs. Bartreng bei den Hären

Bei den Häre kritt et Luerenzweiler mat Bartreng ze dinn. An der Halleffinall hat sech de Coupe-Gewënner Luerenzweiler mat 3:1 (26:24 25:27 25:19 25:20) géint Dikrech duerchgesat. Bartreng hat an engem enke Match mat 3:2 (25:18 21:25 25:23 15:25 15:13) géint de Champion Stroossen d'Iwwerhand behalen. D'Finall vun den Häre gëtt um 19:00 gespillt.

D'Matcher ginn ouni Commentaire iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO