Sky melltHiweiser op Vincent Kompany als neie Bayern-Trainer gi méi konkret

RTL Lëtzebuerg
Déi gefillt éiweg Sich vum FC Bayern München no engem neien Trainer soll eriwwer sinn.
© SID/OLI SCARFF

De Fernseesender Sky mellt e Samschdeg, datt d’Bayern sech mam englesche Premier League Club FC Burnley eens gi wier, datt de Vincent Kompany vun der Insel an de Süde vun Däitschland wiesselt.

Den FC Bayern soll deemno 10 bis 12 Milliounen Euro un den FC Burnley iwwerweisen an de Kompany ee Kontrakt bis 2027 kréien. De fréiere Spiller vun ënnert anerem dem Hamburger SV, Manchester City an RSC Anderlecht misst just nach ënnerschreiwen.

Back to Top
CIM LOGO