D'Triathletin huet am Kader vun der World Triathlon Championship Series eng gutt Performance gewisen. De Gregor Payet huet dogéint opginn.

D'Jeanne Lehair ass um Samschdeg bei der leschter Course, déi fir d'Qualifikatioun fir d'olympesch Spiller zu Paräis nach relevant war, op der gudder 5. Plaz iwwer d'Arrivée gelaf. D'Lëtzebuerger Triathletin war wärend der ganzer Course vir dobäi an huet och am Lafen den Tempo héich gehalen. Um Enn huet d'Kraaft awer bësse gefeelt, fir nach op de Podium ze kommen. Gewonne gouf d'Course vum Cassandre Beaugrand aus Frankräich virum Lisa Tertsch aus Däitschland an der Brittin Beth Potter.

Bei den Hären huet de Gregor Payet leider opginn. Schonn nom Schwamme louch den Triathlet ganz hannen an der Course an hat keng Chance méi, fir no vir ze kommen. Um Vëlo huet de Payet dunn opginn. D'Chancë, fir sech fir Paräis ze qualifizéiere, sinn domadder nach méi kleng ginn, well de Payet de Mini-Retard vun 0,71 Punkten op säin direkte Konkurrent net méi konnt ophuelen.

Op de Payet eventuell fir d'Olympiad nach noréckelt, muss een ofwaarden, bis déi lescht Plaze vergi sinn. D'Jeanne Lehair hat sech scho méi laang den Ticket fir Paräis geséchert an huet zu Cagliari hier gutt Form ënner Beweis gestalt.