Vum 17. bis den 22. Juni trëtt d'Seat Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team am Tennis zu Chisinau a Moldawien an der Europe Group III un.

D'Kapitänin Anne Kremer huet d'Marie Weckerle, d'Lucie Rabiot, d'Claudine Schaul, d'Liz Baddé an d'Erna Brdarevic nominéiert. Fir d'Lucie Rabiot ass et déi éischt Nominatioun fir de Billie Jean King Cup. Begleet gëtt d'Ekipp vum Trainer Frédéric Baade an engem Kiné.

Nieft Lëtzebuerg trieden a Moldawien Albanien, Armenien, Aserbaidjan, Zypern, Finnland, Irland, Island, Moldawien, Montenegro a San Marino un. Gespillt gëtt vu méindes bis mëttwochs an enger Grupp vun dräi Ekippen an zwou Gruppe vu véier Ekippen. Déi jeeweileg Gruppenéischt spille vun donneschdes bis samschdes ëm eng Plaz fir 2025 an der Europa/Afrika-Grupp II unzetrieden.