Eng Ära vun engem vun de ganz Groussen am Tennis geet lues op en Enn
No der Néierlag e Méindeg géint den däitschen Alexander Zverev ass nach net kloer, wéi et mam Spuenier senger Karriär weidergeet.
14 Mol huet de Rafael Nadal a senger Karriär den Tournoi zu Paräis gewonnen. Wa bei engem Match vum éischten Tour Spiller wéi Djokovic, Swiatek an Alcaraz op der Tribün sëtzen, da muss eng Legend um Terrain stoen. No ville Blessuren hat den Nadal säin Talent wuel nees opblëtze gelooss, um Enn war de Weltranglëschte 4. Zverev mat sengem haarden Opschlag a senger aggressiver Virhand awer ze staark. Et war eréischt déi 4. Néierlag fir den Nadal bei Roland Garros. 112 Mol ass hien als Gewënner vum Terrain gaangen. Elo stellt sech déi grouss Fro: Wéi geet et mam spuenesche Champion weider?
"Ech soen net, datt ech wäert ophalen. Ech géif mer elo gär eng richteg Chance loossen, fir nees fit ze ginn. An engem oder annerhallwem Joer wëll ech mer net selwer soe mussen, datt ech net alles probéiert hunn. Ech sinn en einfache Mann, ech genéissen dat, wat ech maachen, si vum Sport an der Competitioun passionéiert. Et ass och eng flott Phas a mengem Liewen, d'Reese mat mengem Jong a menger Fra, déi Zäit kënnt dono net méi zréck."
Nächste Méindeg feiert de Rafael Nadal seng 38 Joer. 2008 zu Peking an 2016 zu Rio hat de Mallorquiner Gold op den olympesche Spiller gewonnen. Ob een den Nadal allerdéngs zu Roland Garros beim olympeschen Turnéier gesäit, dat steet nach op.
"Ech kann Iech net soen, ob ech an annerhallwem Mount nees hei si fir ze spillen. Mäi Kierper war e richtegen Dschungel déi lescht Deeg. Ee Moie sinn ech wakereg ginn an hu mer geduecht, ech wier vun enger Schlaang gebass ginn. Den Dag drop war et en Tiger. Et war e laange Kampf, fir nees an dës Form ze kommen. Ech muss awer soen, datt ech déi lescht Wochen an enger positiver Dynamik war."
Am Moment ass déi fréier Nummer 1 den 275. an der Weltranglëscht. An senger laanger Karriär huet den Nadal bis elo ronn 135 Milliounen US-Dollar Präisgeld agespillt.