Jonker hunn éischten Dodgeball-Club zu Lëtzebuerg gegrënnt
Op der Uni huet de Frank Broy seng Passioun fir den Dodgeball entdeckt. Elo nom Studium wëllen hien a seng Kolleegen de Sport och zu Lëtzebuerg verbreeden.
De Sport gëtt ëmmer méi beléift an erënnert déi meescht vun eis wuel un de Vëlkerball aus der Schoulzäit. Dodgeball ass vum Prinzip hier änlech, et ginn awer och däitlech Ënnerscheeder. Hei spillt een nämlech net nëmme mat engem Ball, mee mat fënnef. Virun allem an den USA ass de Sport scho méi verbreet, kënnt an deene leschte Joren awer och ëmmer méi an Europa op.
Mam Vëlkerball huet et och beim Frank Broy ugefaangen. Spéider am Lycée huet hien dunn d'Dodgeball-Variant ausprobéiert. Op der Uni hu seng Kolleege probéiert, hie fir d'Boulderen ze begeeschteren, mee "deen Teamsport, deen huet mir gefeelt", erzielt hien.
"Ech hat deemools am Lycée Dodgeball zimmlech gäre gehat. An dunn duecht ech mer, du bass hei op enger Uni mat 125.000 Studente ronderëm dech, da wäert et hei bestëmmt esou eppes ginn. Mee direkt hunn ech do näischt fonnt."
Esou huet hien einfach selwer eppes lancéiert, huet Flyere ronderëm d'Uni opgehaangen a lues a lues en eegene Club an d'Liewe geruff. Esouguer de Sportzenter vu senger Uni huet Dodgeball dunn an deen offizielle Programm opgeholl.
Am Februar 2023 huet de Frank decidéiert, datt hien aus dem Schoulsport nach méi maache wëll. Mat sengem Club ass hien der hollännescher Liga bäigetrueden a reegelméisseg op Kompetitioune gefuer. Hie selwer spillt den Ament nach an der hollännescher Nationalekipp, huet zu Paräis op der westeuropäescher Meeschterschaft Bronze gewonnen a wäert am Summer op d'Weltmeeschterschaft an Éisträich fueren.
Am Summer wäerten hien a seng Frëndin, déi zesummen de Sport fir sech entdeckt hunn, hire Masterofschloss zu Delft maachen an nees zréck op Lëtzebuerg plënneren. Aner Kolleegen, déi an England studéiert an Dodgeball gespillt hunn, kommen och deemnächst vun der Uni erëm. Esou hu si sech alleguer zesummegedoen an decidéiert, den Dodgeball einfach mat heihin ze bréngen. "Et war eis ze schued, dee Sport am Ausland ze loossen an näischt heiheem ze hunn."
An enger éischter Phas probéiere si elo Leit ze motivéieren, dermat déi dem Luxembourg Lions Dodgeball Club bäitrieden. Mat der Kamera ware mir bis laanscht op Schuller, op deen zweeten Tryout vum éischten an eenzeg offiziellen Dodgeball-Veräin am Grand-Duché.