Triathlon
Jeanne Lehair huet sech fir d'Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert

D'Jeanne Lehair bei de World Triathlon Championship Series. / © FLTRI / Archivbild
D'Europameeschtesch vun 2022 krut déi eenzeg Startplaz fir de Grand-Duché. De Gregor Payet huet eng weider ëm nëmmen 0,7 Punkte verpasst.
D'Jeanne Lehair ass elo offiziell fir d'Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert. Déi 29 Joer al Triathletin, déi zanter 2022 fir Lëtzebuerg un den Depart geet, huet d'Olympesch Qualifikatioun op der 9. Plaz ofgeschloss.
Am meeschte gelies